Édouard Malayan

Vu Wikipedia
Édouard Malayan
Gebuer 1947
Aktivitéit Diplomat


Den Édouard Rubenowitsch Malayan, gebuer 1947, ass en Diplomat vun der Russescher Federatioun. Hien ass bestuet a Papp vun engem Jong.

No sengem Studium um Moskauer "Institut fir international Bezéiungen" gouf hien 1970 diplomateschen Delegéierten an der sowjetescher Ambassade zu Kinshasa. 1972/73 war hien am Zaire. Tëscht 1979 a 85 an duerno tëscht 1991 a 96 an den USA.

Seng éischt Plaz als Botschafter krut hien am August 2000. Hien huet zu Kingston gewunnt a war zoustänneg fir Jamaika, déi Dominikanesch Republik an Antigua a Barbuda bis den Abrëll 2005.

Am Juli 2005 gouf den Édouard Malayan Ambassadeur vun der Russescher Federatioun fir Lëtzebuerg mat Residenz an der Ambassade am Beggener Schlass, wou hie bis de September 2009 blouf. Wärend senger Amtszäit war de 24. Mee 2007, déi éischt offiziell Visitt vun engem russesche Staatspresident, dem Wladimir Wladimirowitsch Putin, zu Lëtzebuerg.

Quell[änneren | Quelltext änneren]