Abrëllsblumm
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Abrëllsblumm | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Anemone nemorosa L. |
|||||||||||||||||
D' Abrëllsblumm (Anemone nemorosa) ass eng Planz aus der Gattung Anemone, déi zu der Famill vun de Botterblummen (Ranunculaceae) gehéiert.
De wëssenschaftlechen Numm setzt sech zesummen aus dem griichesche Wuert anemos = "Wand" an dem laténgeschen nemorosa/-us = "am Schiet".
Dem Henri Klees no huet si nach folgend Nimm: Bloderblumm, Bëschblumm, Hefflerblumm, Holzblumm, Kéisblimmchen, Këschteblumm, Läffelsblumm, Mäerzblumm, Ouschterbléi.
D'Blumm ass an Europa an den hiwwelege Géigenden, an an de Bierger, an de Bëscher an op Wisen ze fannen.
D'Planz déi e puer Joer hannereneen erëmkënnt, gëtt tëschent 10 a 25 cm grouss a blitt tëschent Mäerz an Abrëll/Mee. De Som gëtt vu Seechomesse verspreet. Hir Blieder sinn tëscht 5 an 12 cm laang, mëttelgréng, mat dräi afgerënnte Wutzen, a mat klengen Zänn laanscht d'Säiten. Se huet eng wäiss eenzel Bléi mat 6 - 8 Bléieblieder, déi tëscht 2 an 3 cm grouss ass, déi heiansdo och liicht rosa ka sinn.
Si huet e flaacht Wuerzelwierk, dat sech wäit ëm d'Planz ausbreet. D'Planz, déi Protoanemonin enthält, ass gëfteg.
Literatur [änneren]
- Klees, Henri, 1994. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VIII. 3. Aufl., 182 S., Pierre Linden, Luxemburg.
- Kraus, Mathias, 1887. Die einheimischen Giftpflanzen / mit naturgetreuen Abbildungen auf 21 colorirten Tafeln aus der litographischen [sic] Anstalt von J. F. Schreiber in Esslingen. 104 S. Verlag von J. Erpelding, Luxemburg.
Kuckt och [änneren]
Notten [änneren]
- ↑ Dës Lithographie vum Jakob Ferdinand Schreiber steet nieft der Säit 10 am Buch "Die einheimischen Giftpflanzen" vun 1887.
| Commons: Anemone nemorosa – Biller, Videoen oder Audiodateien |