Algolstären
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Algolstäre sinn Duebelstäresystemer vun zwéi bal kugelfërmegen Eenzelstären, d. h. d'Stäre verformen sech net géigesäiteg duerch hir Schwéierkraaft. Hiren Orbitalplang verleeft esou, datt vun der Äerd aus gesinn, sech déi béid Stäre géigesäiteg bedecken. Algolstäre weisen an hirem Liichtbou periodesch Mindestwäerter, hir Liichtkraaft bleift awer konstant, an der Zäit an där sech déi zwéi Stären net bedecken. Déi Eegeschaft ënnerscheet se vun de Beta-Lyrae-Stären.
D'Algol-Stäre goufen nom Stär Algol am Stärebild Perseus genannt.
Referenzen [änneren]
- ↑ D. Gossman, Light Curves and Their Secrets, Sky & Telescope (October 1989, p.410)
- ↑ Eclipsing Binary Simulation, Cornell Astronomy
