Altazimut

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Een Dobson-Teleskop op azimutaler „Rockerbox“-Montéierung
Altazimut an der Geodesie

Altazimut oder azimutal Montéierung ass déi einfachst Aart vun enger astronomescher Teleskopmontéierung, bei där sech d'Teleskop ëm eng vertikal an eng horizontal Achs an all Richtungen dréine léisst. Hiert Géigestéck ass d'equatorial Montéierung, bei där d'Primärachs net vertikal, mä parallel zu der Äerdachs ausgeriicht ass.

Den Numm Altazimut, deen am Engleschen och Altaz ofgekierzt gëtt, setzt sech zesummen aus Alt fir Altitude (Héichtewénkel) an Azimut (Horizontalwénkel).

Azimutal Montéierunge si wéinst hirer robuster, einfacher Bauweis schonn zanter der Antikitéit fir astronomesch a geodetesch Miessinstrumenter gebraucht ginn. No der Erfindung vun den astronomeschen Teleskope goufe si och fir dës zanter zirka 1620 agesat a bis zum 18. Joerhonnert weider verbessert. Duerno goufe si vun den equatorialen, resp. parallaktesche Montéierungen ersat; eréischt mat de moderne Groussteleskope., där hir Spigelduerchmiessere vu 6 m bis zu 20 Meter reechen, ass een ëm 1980 aus Grënn vun der mechanescher Stabilitéit zu der fréierer Bauweis zréckkomm.

An der Astronomie sinn ausser den neie ganz groussen Teleskopen (vun ongeféier 6 m Spigelduerchmiesser un) an de Radioteleskopen och d'Universal- a Passageninstrumenter azimutal montéiert, genee wéi och d'Meridiankreesser an Heliostaten, déi meescht Meteorkameraen an déi ballistesch Satellittekameraen. Déi Lescht ginn deelweis och als Astrograph agesat.

An der Geodesie (Vermiessungswëssenschaft) an allgemeng an der Technik iwwerweit d'Altaz-System all aner Montéierungen, well et dem natierleche Senkel an dem Horizont entsprécht a sech op einfach Weis - z. B. mat Libellen oder Gradmiesser - genee ariichte léisst. Wichteg Beispiller dofir sinn

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie