Anden-Kondor

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Anden-Kondor
En Anden-Kondor
En Anden-Kondor
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Stelzevullen
Famill: Neiweltgeieren
Gattung: Vultur
Aart: Anden-Kondor
Wëssenschaftlechen Numm
Vultur gryphus
Linnaeus 1758
De Kondor um Wope vu Bolivien

Den Anden-Kondor (Vultur gryphus) ass eng Vullenaart, déi zu de Neiweltgeieren, de Cathartidae gehéiert. Et ass ee vun de gréisste Vullen, déi kënne fléien.

Mat enger Kierperlängt vu bis zu 120 cm, kann en Anden-Kondor op e Gewiicht vun enger 12 Kilo kommen. Mam Albatross huet e mat eppes iwwer 3 Meter déi gréisst Flillekspanlängt iwwerhaapt. E ka bis 7.500 Meter héich fléien, a bis iwwer 70 Joer al ginn.

Am Ënnerscheed zum Kalifornien-Kondor, dem Gymnogyps californianus, huet beim Anden-Kondor de Männchen e fleeschege Kamp um Scheet. De Männchen huet blo Aen an d'Weibchen huet rouder.

D'Bréizäit dauert bis 65 Deeg. Allebéid Eltere si fir d'Ee responsabel. De Jonge gëtt zweemol am Dag gefiddert, wann e méi al ass, nëmmen nach eng Kéier. Mat sechs Méint kann den Anden-Kondor fléien.

Op de Wope vu Bolivien, Chile, Equador a Kolumbien ass den Anden-Kondor konterfeit, well en an deene Länner zu den Nationalsymboler gehéiert.

Wou en ze fannen ass[änneren | Quelltext änneren]

Seng Heemecht zitt sech an den héije Biergregiounen tëscht 3.000 a 5.000 Meter d' Kordilliere vu Feierland erop, bis an de westlechen Deel vu Venezuela. En ass ze fanne laanscht d'Küst vu Peru, op den Insele vum Humboldstroum an um Atlantik vu Feierland bis un d'Mëndung vum Rio Negro, a plazeweis an argentinesche Sierraen.

Den Anden-Kondor flitt eleng, als Koppel oder a Gruppen.

Wat e frësst[änneren | Quelltext änneren]

E frësst nëmmen doudeg Déieren, sief et Ranner oder aner grouss Mamendéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Andenkondor – Biller, Videoen oder Audiodateien