Andrew S. Tanenbaum

Vu Wikipedia
Andrew S. Tanenbaum
Gebuer 16. Mäerz 1944
New York
Nationalitéit USA
Educatioun Massachusetts Institute of Technology,
University of California
Aktivitéit Informatiker, Ingenieur, Programméierer, Akademiker, Professer, Schrëftsteller, Physiker
Member vun Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen

Den Andrew Stuart Tanenbaum, gebuer de 16. Mäerz 1944 zu New York, ass Professer fir Informatik op der Vrije Universiteit Amsterdam an Holland. Bekannt gouf hien duerch d'Entwécklung vu Minix engem UNIX-aartegem Betribssystem, dat dem Linus Torvalds spéider d'Iddi fir Linux z'entwéckele ginn huet, an als Auteur vun enger Partie vun Informatik-Fachbicher.

Hien huet Physik um Massachusetts Institute of Technology (MIT) zu Bosten studéiert an huet 1971 op der Universitéit vu Kalifornien zu Berkeley säin Doktor gemaach. Zesumme mat senger hollännescher Fra ass hien an Holland geplënnert, awer huet seng US-amerikanesch Nationalitéit bäibehalen. Zanterhier ass hie Professer fir Informatik zu Amsterdam, wou hie sech momentan mat Computerarchitektur a Betribssystemer ausenanersetzt.

Den Andy Tanenbaum ass bekannt fir seng einfach verständlech Informatik-Léierbicher zu den Theeme Computerarchitektur, Computernetzwierker, verdeelte Systemer a Betribssystemer, déi mat vill Humor geschriwwe sinn. Déi wichtegst sinn:

Mat 'Linux is obsolete' huet den Andrew Tanenbaum 1992 grouss Kritik um Linus Torvalds sengem Betribssystem gemaach. Hie war der Meenung, datt de monolithesche Kernel vu Linux technesch iwwerholl wier an datt modern Betribssystemer op engem Mikrokernel opsetze sollten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Andrew S. Tanenbaum – Biller, Videoen oder Audiodateien