Bäerbelekierch zu Crusnes

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Bäerbele-Kierch zu Crusnes)
Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer eng Kierch oder Kapell. Wann der méi iwwer dëst Theema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Bäerbelekierch zu Crusnes ((fr) Église Sainte-Barbe de Crusnes) am franséischen Departement Meurthe-et-Moselle gouf tëscht 1937 an 1939 no de Pläng vum Claude Robbe am Alphonse Fénaux opgeriicht, déizäit Architekte bei der De Wendel-Gesellschaft zu Hayange, där d'Société des Mines de fer de Crusnes gehéiert huet.

Et ass déi eenzeg Kierch a Frankräich, déi ganz aus Eise gebaut ass.

D'Eisendeeler goufe vun der Firma Fillod zesummegesat, an d'Kierch war am Fong geholl e Prototyp, dee geduecht war fir sou Kierchen a Missiounslänner opzeriichten. Duerch den Zweete Weltkrich ass awer déi Iddi op Äis geluecht ginn.

D'Kierch déi bis 1968 am Besëtz vun der Famill de Wendel war, gehéiert zanterhier der Gemeng.

Eise Bäerbelekierch zu Crusnes, virun der Restauratioun

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Déi restauréiert Kierch am September 2008