Beggener Scouten

Vu Wikipedia

D'Beggener Scouten, offiziell Groupe Saint-Christophe Beggen sinn e Scoutsgrupp vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Quartier Beggen vun der Stad Lëtzebuerg.

D'Beggener Scouten hunn 2010 ronn 100 Memberen an 200 Éierememberen. Si gi vun zwou Amicallen (cf. hei drënner) ënnerstëtzt.

De Beggener Scoutsgrupp ass Member vun der Entente des sociétés de l'ancienne commune d'Eich.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

De Grupp Saint-Christophe Beggen gouf 1957 vu fréiere Weimeschkiercher Scoute gegrënnt. Deemools war de Grupp Member vum Verband vun de Lëtzebuerger Scouten an d'Membere waren nëmme Jongen a Männer. No der Fusioun am Joer 1994 vun de Lëtzebuerger Scouten a Lëtzebuerger Guiden huet de Grupp säin Numm changéiert an huet vun do un Beggener Scouten - Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Groupe Saint-Christophe Beggen geheescht.

Zanterhier si Jongen a Meedercher, Männer a Fraen am Veräin zougelooss. Trotzdeem datt déi korrekt Bezeechnung dowéinst haut "Beggener Guiden a Scouten" wier, huet deen Numm sech am Volleksmond ni wierklech duerchgesat, an et gëtt och haut nach ëmmer vun de "Beggener Scoute" geschwat.

Déi fënnef Truppen[änneren | Quelltext änneren]

De Grupp Saint-Christophe Beggen besteet aus 5 Truppen.

  • D'Wëllefcher, fir Jongen a Meedercher am Alter vun 8 bis 11 Joer.
  • D'Av-Ex fir Jongen a Meedercher am Alter vun 11 bis 14 Joer.
  • D'Cara-Pio, fir Jugendlecher am Alter vu 14 bis 17 Joer.
  • D'Ra-Ro, fir Jugendlecher am Alter vu 17 bis 23 Joer.
  • D'23 a méi, fir jonk Erwuessener vun 23 Joer un.

All Responsabel gëtt assistéiert vu fraiwëllege Cheffen an Assistenten, déi op déi néideg Ausbildung an Erfarung zeréckgräife kënnen. Do donieft huet d'Grupp fräi Mataarbechter. D'Grupp gëtt geleet vu sengem Grupperot.

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

De Groupe Saint-Christophe Beggen organiséiert all Joer e Guiden-a Scoutscamp pro Trupp, all Woch eng Guiden-a Scoutsversammlung pro Trupp, aner Guiden- an aner Scoutsaktivitéite wéi Rallyen, Guiden- a Scoutsweekender, Buergbrennen, Duerffest, asw.

Déi meescht Aktivitéite ginn am a ronderëm den Home Saint-Christophe am Beggener Centre culturel ofgehalen.

Associatiounen déi d'Beggener Scouten ënnerstëtzen[änneren | Quelltext änneren]

  • Frënn vun de Beggener Guiden a Scouten, eng a.s.b.l. déi am Joer 2002 gegrënnt gouf. Hir Membere si virun allem fréier Beggener Guiden a Scouten, oder awer Eltere vun de Kanner a Jugendlechen déi Member vum Grupp sinn. D'Memberzuel läit 2010 knapps ënner 100.
  • Beggener Guiden a Scouten, eng a.s.b.l. déi 2003 am Kader vun der Renovatioun vum Home Saint-Christophe aus rechtlechen Ursaache gegrënnt gouf an dowéinst just 20 Memberen huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]