Birobidjan
| Birobidjan Биробиджан |
|
|---|---|
|
48° 47′ N, 132° 56′ O48.783333333333132.9333333333380Koordinaten: 48° 47′ 0″ N, 132° 56′ 0″ O |
|
| Land: | |
| Federatiounskrees: | Fären Osten |
| Autonomt Gebitt: | Jiddescht Autonomt Gebitt |
| Gegrënnt: | 1915 |
| Fläch: | 169 km² |
| Awunner: | 75.413 (14. Okt. 2010) |
| Bevëlkerungsdicht: | 446 Aw./km² |
| Héicht: | 80 m |
| Zäitzon: | UTC+11 |
| Autoskennzeechen: | 79 |
Birobidjan (ru: Биробиджан, yi: ביראָבידזשאן) ass eng russesch Stad an den administrativen Zentrum vum jiddeschen autonome Gebitt. Se läit tëschent zwéi Flëss, dem Bira an dem Bidschan, no bei der chinesescher Grenz a Sibirien. Si huet ëm déi 75.000 Awunner.
Geschichtleches [änneren]
Schonn um Ufank vun der Oktoberrevolutioun hunn d'Bolschewike sech Gedanke gemaach, wéi se déi 5 Millioune Judden, déi déi Zäit an der Sowjetunioun gelieft hunn, a landwirtschaftlech Kolonisatiounsprojete kéinten abauen. Besonnesch an ënnerentwéckelte Regioune vun deem grousse Land wollte se Leit usidelen.
Am Mäerz 1928 huet den Zentralexekutivausschoss vun der Sowjetunioun decidéiert, an der Géigend vum Floss Amur eng jiddesch Kolonie opzeriichten. Moskau ass et natierlech drëm gaangen, hire "jiddesche Problem" ze léisen an anengems d'Sécherung vun der Grenz mat China besser an de Grëff ze kréien. Well an deem Moment war d'Iddi vun engem palestinensesche Juddestaat ëmmer méi akut.
Literatur zum Thema [änneren]
- Weinberg, Robert: Birobidshan. Stalins vergessenes Zion, Frankfurt am Main, 2003, Verlag Neue Kritik, ISBN 3-8015-0367-4
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Birobidzhan – Biller, Videoen oder Audiodateien |