Birobidschan

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Birobidschan
Биробиджан
Coat of Arms of Birobidzhan.png
Birobidschan (Russland)
Birobidschan


48° 47′ N, 132° 56′ O48.783333333333132.9333333333380Koordinaten: 48° 47′ 0″ N, 132° 56′ 0″ O

Land: Flag of Russia.svg Russland
Federatiounskrees: Fären Osten
Autonomt Gebitt: Jiddescht Autonomt Gebitt
Fläch: 169 km²
Awunner: 75.495 (Stand: 2009)
Bevëlkerungsdicht: 447 Aw./km²
Héicht: 80 m
Zäitzon: UTC+10
(Summerzäit: UTC+11)
Autoskennzeechen: 79
Haaptplaz

Birobidschan (ru: Биробиджан, yi: ביראָבידזשאן) ass eng russesch Stad an den administrativen Zentrum vum jiddeschen autonome Gebitt. Se läit tëschent zwéi Flëss, dem Bira an dem Bidschan, no bei der chinesescher Grenz a Sibirien. Si huet ëm déi 75.000 Awunner.

[änneren] Geschichtleches

Schonn um Ufank vun der Oktoberrevolutioun hunn d'Bolchewike sech Gedanke gemaach, wéi se déi 5 Millioune Judden, déi déi Zäit an der Sowjetunioun gelieft hunn, a landwirtschaftlech Kolonisatiounsprojete kéinten abauen. Besonnesch an ënnerentwéckelte Regioune vun deem grousse Land wollte se Leit usidelen.

Am Mäerz 1928 huet den Zentralexekutivausschoss vun der Sowjetunioun decidéiert, an der Géigend vum Floss Amur eng jiddesch Kolonie opzeriichten. Moskau ass et natierlech drëm gaangen, hire "jiddesche Problem" ze léisen an anengems d'Sécherung vun der Grenz mat China besser an de Grëff ze kréien. Well an deem Moment war d'Iddi vun engem palestinensesche Juddestaat ëmmer méi akut.

[änneren] Literatur zum Thema

  • Weinberg, Robert: Birobidshan. Stalins vergessenes Zion, Frankfurt am Main, 2003, Verlag Neue Kritik, ISBN 3-8015-0367-4


[änneren] Um Spaweck

Commons: Birobidzhan – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen