Buchen um Kéibuer

Vu Wikipedia
Buchen um Kéibuer
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Hesper
Plaz Fenteng
Adress Kéibur (Hesper)
Koordinaten 49°34'8,58"N, 6°7'57,29"O
Bamaart Routbuch
Geschaten Alter 175 Joer
Héicht 25,8 m (2023)
Duerchmiesser 1,10 m (2023)
Ëmfang 3,46 m (2023)
Buchen um Kéibuer (Lëtzebuerg)
Buchen um Kéibuer
Buchen um Kéibuer
Lag vum bemierkenswäerte Bam

D'Buchen um Kéibuer sinn eng Koppel Routbuchen (Fagus sylvatica, (fr) hêtre, (de) Rotbuche) déi beim Kéibuer an der Sektioun Fenteng vun der Gemeng Hesper stinn. Wéinst hirem opfällege Wuerzelgeflecht an och der Plaz wou se stinn, ziele se zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Lokalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Buche stinn am Flouer Géisselbierg, südlech vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg, säitlech iwwer dem Kéibuer. Fir bei de Kéibuer ze kommen, fiert ee vu Fenteng aus bis un de Wupp vun der Rue de Kockelscheuer; vun do aus sinn et dann nach ronn 820 m iwwer en asphaltéierte Wee laanscht d'Doulemerbaach.

Entwécklung vun de Beem[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwou Buchen hunn en opfällegt Wuerzelgeflecht an d'Wuerzele goufe warscheinlech beim Bau vum Wäschbuer fräigeluecht. Déi zwou Buche wieren deemno ëm 175 Joer al(Stand: 2024).

Ëm 2000 gouf eng Stammdéckt, op Broschthéicht, vun 2,70 m respektiv 1,47 m gemooss. D'Gréisst gouf net opgeholl.

Déi zwou Buche goufen 2002 fir d'éischt op den Inventaire vun de bemierkenswäerte Beem gesat.

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer [1] Bemierkung
≈2000 2,70 0,86 südleche Bam
1,48 0,47 nërdleche Bam
2023 3,46 1,10 25,80

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (Cf. S. 140-141, Text a Foto)
  • Natur, Kultur und Geschichte in der Gemeinde Hesperingen, 2004. Erausgi vun der Gemeng Hesper, de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Hesper an der Administration des eaux et forêts. (Text op Däitsch an op Franséisch). Dréckerei Heintz, Péiteng.
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 72 an 73, Text a Foto)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buchen um Kéibuer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. op Broschthéicht gemooss