Charles Durning

Vu Wikipedia
Charles Durning
Gebuertsnumm Charles Edward Durning
Gebuer 28. Februar 1923
Highland Falls
Gestuerwen 24. Dezember 2012
New York
Nationalitéit USA
Educatioun American Academy of Dramatic Arts
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller

Den Charles Durning, gebuer den 28. Februar 1923 zu Highland Falls, New York a gestuerwen de 24. Dezember 2012 zu New York City, war en US-amerikanesche Schauspiller.[1] Hie war virun allem zanter den 1970er Joren an Dosende vun Niewerollen ze gesinn. Eng vu senge bekanntste Rolle war 1982 déi am Film Tootsie, wou en e Veréierer vun der Dorothy Michaels (dem als Fra verkleete Michael Dorsey (Dustin Hoffmann)) gespillt huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Als 21-järege war hien als Zaldot ë. a. bei der Ardennenoffensiv dobäi an huet als ee vu wéinegen d'Massaker vu Baugnez iwwerlieft.

Nom Krich huet hie sech mat verschiddene Beruffer duerchgeschloen, huet du Schauspill geléiert a seng Karriär um Theater mat Shakespeare-Rollen ugefaangen. Seng éischt Filmroll hat den Charles Durning 1965 am Ernest Pintoff sengem Harvey Middleman, Fireman. Allgemeng bekannt gouf en 1973 als Lieutenant Snyder am George Roy Hill sengem The Sting (de: Der Clou, fr: L'arnaque).

Hie war a senger Jugend och eng Zäit als Boxer aktiv, wou hien am Mëttelgewiicht geboxt huet. Vu senge Resultater ass leider net vill gewosst, just datt en eng Kéier grad wéi den Jack Warden am Madison Square Garden geboxt huet.

Filmograpie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1962 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 1999[änneren | Quelltext änneren]

vun 2000 bis 2009[änneren | Quelltext änneren]

vun 2010 bis 2015[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Charles Durning, Oscar-nominated king of the character actors, dies at 89 in NYC. In: The Washington Post, 25. Dezember 2012.