Duilio Donzelli

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Duilio Donzelli
Gebuer 26. Juni 1882
Gestuerwen 9. Januar 1966
Valence
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Sculpteur, Moler
Famill
Kanner Dante Donzelli
Monument aux morts, Wierk vum Duilio Donzelli virun der Märei zu Lacroix-sur-Meuse a Loutrengen.

Den Duilio Donzelli, gebuer den 29. Juni 1882 zu Fossombrone a gestuerwen den 9. Januar 1966 zu Valence an der Drôme, war en italieenesche Sculpteur a Moler. Hien ass de Papp vum Sculpteur Dante Donzelli.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Duilio Donzelli staamt vu Cattolica op der Adria an Italien.[1] Säin Diplom als Kënschtler huet hien op der Konschthéichschoul zu Urbino absolvéiert[2].

1912 ass den Duilio Donzelli mat senger Famill op Esch-Uelzecht emigréiert, wou en als Schmelzaarbechter bei der ARBED schaffe goung. Well en op enger Nuetsschicht ageschlof war, gouf en dem Direkter Emile Mayrisch virgefouert, deen drop koum, datt den Donzelli diploméiert wier a mole kéint, an huet hie prompt als Professer fir Molerei a Skulptur an d'Escher Industrieschoul geholl[3],[4]. Donieft huet den Duilio Donzelli un den Dekore vun Haiser zu Esch an an der Stad Lëtzebuerg geschafft. Hie krut den Optrag vun der ARBED fir d'Fassad vun hirem neie Siège ze sculptéieren. Den Duilio Donzelli hat säin Atelier an der Kanalstrooss zu Esch-Uelzecht.[5]

Den Duilio Donzelli war politesch engagéiert fir d'Lieweskonditioune vu sengen italieenesche Matbierger ze verbesseren a stoung virop beim Protestmarsch vum 1. Mee 1924. Hie krut du virgehäit, hie wier e gewalttätege Kommunist, soudatt hien aus der Schoul entlooss a mat senger Famill aus Lëtzebuerg erausgeheit gouf.[6] Hien huet sech zu Lacroix-sur-Meuse a Loutrengen niddergelooss, wou hie kënschtleresch aktiv gouf, virun allem bei der Restauréierung vu Monumenter a Gebaier, déi am Éischte Weltkrich beschiedegt gi waren.

Säi Projet vun engem Monument fir déi Gefalen Zaldoten 1914-1918 gouf vun der Gemeng Lacroix-sur-Meuse ugeholl an am Joer 1929 vum Arméiminister André Maginot ageweit. Duerch d'Qualitéit an d'Renommée vun dësem Wierk krut hie vun do u vill Optreeg vun de Gemengen aus der Ëmgéigend.

Den Zweete Weltkrich huet dësem Schafen en Enn gemaach. Den Donzelli ass 1940 zesumme mat senger Famill an déi franséisch Fräi Zon op Saint-Marcel-lès-Valence geplënnert, wou se bis 1945 bliwwe sinn. Do huet hie zesumme mat sengem Jong Dante vill Wierker geschaf.

Nom Zweete Weltkrich huet d'Famill Donzellli sech zu Saint-Mihiel néiergelooss, wou den Dante Donzelli spéider säin Atelier fir Skulptur a Molerei bis an den 1990er Jore bedriwwen an eng Konschtmolereischoul gegrënnt huet, déi vun der Stad iwwerholl gouf.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Moia, Nelly, 1988. Les mascarons eschois et leurs auteurs. Tageblatt 10 novembre 1988.
  • Moia, Nelly, 1995. Mascarons de Luxembourg. Esch-sur-Alzette, Polyprint. (Buch online liesen)
  • Michel, Fabien (dit Baron), 2009. Hommage aux Donzelli, père et fils. Point.com, journal d'informations de Saint-Marcel-lès-Valence - Septembre/Octobre 2009 - n°47: 8.
  • Bernard-Marie Despesse, 2015. Duilio Donzelli artiste pintre et sculpteur à Valence, études drômoises, n.64.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Duilio Donzelli – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. En Deel vun den Informatioune stame vun dësem Kapitel op der franséischer Wikipedia: http://fr.wikipedia.org/wiki/Lacroix-sur-Meuse#Duilio_Donzelli
  2. Accademia di Belle Arti d'Urbino.
  3. Cf. Michel 2009 an der Literatur.
  4. D'Escher Industrieschoul ass haut den Escher Jongelycée.
  5. Cf. Moia 1995: 199 an der Literatur.
  6. Spéider soll hien op Lëtzebuerg zeréckgeruff gi sinn, mä hien hätt mat Stolz gesot: "Nee Merci, eemol erausgehäit ginn geet mir duer". Cf. Moia 1995: 199-200 an der Literatur.