Edmond Reiffers

Vu Wikipedia
Edmond Reiffers
Gebuertsnumm Johann Michel Edmond Reiffers
Gebuer 21. November 1881
Munneref
Gestuerwen 30. Januar 1949
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Nottär
Partei Rietspartei
Famill
Kanner Jean Reiffers


De Johann Michel Edmond Reiffers, gebuer den 21. November 1881 zu Munneref[1] a gestuerwen den 30. Januar 1949 an der Stad Lëtzebuerg[2],[3], war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Den Edmond Reiffers war Docteur en Droit an Nottär; vun 1907 bis 1922 hat hie seng Étude zu Useldeng, duerno - an dat bis 1929 - zu Déifferdeng, ir hien dunn 1930 seng Étude an der Stad Lëtzebuerg opgemaach huet.

Hie gouf de 6. November 1915 Generaldirekter (Minister) fir Finanzen a Schoulwiesen an der Regierung Loutsch. Den 22. Januar 1916 huet hie seng Demissioun agereecht[4] a gouf de 24. Januar a senger Funktioun als Generaldirekter fir Finanze vum Léon Kauffman an als dee fir Schoulwiese vum Léon Moutrier ersat.

Den Edmond Reiffers war 1920 Matgrënner vun der Spuergesellschaft Fortuna an der Versécherungsgesellschaft La Luxembourgeoise an ass Coauteur vun engem Buch iwwer d'Holdingsgesetz vun 1929.

Seng Sammlung vun Tableaue vu virun allem italieenescher Molerei aus dem 12.-16. Jh. ass haut am Nationale Geschichts- a Konschtmusée.[5]

Hie war mat der Margot Juttel bestuet.[2] Hie war de Papp vum Jean Reiffers, dee bei der Operatioun Overlord derbäi war.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Edmond Reiffers & Bernard Delvaux: Les Sociétés "Holding", au grand-duché de Luxembourg. Étude théorique et pratique de la loi du 31 juillet 1929. 1. Oplo 1933, 3. Oplo 1948, Édition Victor Bück.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsschäin Nr. 30 vun der Gemeng Munneref vum 23. Nov. 1881
  2. 2,0 2,1 2,2 Doudesannonce am Tageblatt vum 31. Januar 1949, S. 8 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-22.
  3. Luxemburger Wort 1949, Nr. 31 (31. Januar), S. 5 (Doudesannonce)
  4. Mémorial A Nr. 6 vum 23. Januar 1916 op legilux.public.lu.
  5. Origines de la collection mnha.lu

n]]