Eemaischen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Eemaischen 2010 zu Nouspelt

Eemaischen (oder Éimaischen) ass den Numm vun engem Maart, deen zu Nouspelt an um Fëschmaart an der Stad op Ouschterméindeg ofgehale gëtt.

Den Numm geet op d'biblesch Stad Emmaus aus dem Lukasevangelium zréck. De Lukas erzielt, de Kleopas an en anere Jünger wieren den Dag nom Pessach, vu Jerusalem op Emmaus ënnerwee gewiescht, wéi si de Jesus, no sengem Doud, do begéint hätten ouni hien am Ufank erëmzekennen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Um Fëschmaart[änneren | Quelltext änneren]

Ouschterméinden hunn d'Aulebäckeren an der Méchelskierch d'Fest vun hirer Confrerie gefeiert. No der Mass gouf dunn e Maart mat äerdenem Dëppegeschir ofgehalen. Déi eelst schrëftlech Quell, déi dëse Maart beleet, ass e Bréif vum 3. Abrëll 1827. Doran huet de Policeoffizéier Jemp Müllendorf dem Gemengerot proposéiert, dee "Emmaus-Maart" eriwwer op de Fëschmaart ze verleeën, well de Kaméidi vum Maart, an d'Kannergejäiz d'Masse giff stéieren.

Et däerf ugeholl ginn, datt do och äerde Päifen ze kréie waren, si waren awer sécher net, wéi haut d'Péckvillercher, den Haaptartikel vun deem Maart.

Um Ufank vum 20. Joerhonnert huet sech de Maart ëmmer méi vun engem renge Maart fir Toun-Wueren zu engem Kreemchesmaart entwéckelt. 1914 ass dee leschten Aulebäcker zu Nouspelt gestuerwen, wou zanter 1458 d'Aulebäckerei beluecht war.

Nom Éischte Weltkrich ass d'Eemaische virun ofgehale ginn, hat awer ëmmer manner Succès. D'Péckvillecher, déi verkaaft goufen, koumen aus der Äifel.

Déi modern Form vun der Eemaische geet op d'Joer 1937 zréck. Do huet de Comité Alstad, en Interesseveräin, decidéiert, déi al Traditioun nei ze beliewen. 1938 goufe fir d'éischt zanter 20 Joer nees Péckvillercher verkaaft, déi zu Lëtzebuerg gemaach goufen. Fabrizéiert goufe se vum Aulebäcker Jean Peters aus dem Reckendall, deen dofir Nouspelter Toun verschafft huet. Bis zu sengem Doud, 1980 huet de Peters dausende Péckvillercher geschafen.

An de Krichsjoren, tëscht 1940 a 1944, huet déi däitsch Besatzung d'Eemaische vum Fëschmaart op de Knuedler verluecht, fir do eng Emmaus-Kiermes ofzehalen, déi awer näischt méi mat dem Aulebäckermaart ze dinn hat. Nom Krich huet de Comité Alstad d'Eemaischen erëm organiséiert, 1945 nach um Knuedler, vun 1946 un awer nees um Fëschmaart.

Zu Nouspelt[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1957 gëtt och zu Nouspelt eng Eemaischen ofgehalen, déi vun der Asbl Nouspelter Emaischen organiséiert gëtt.[1] All Joer gëtt eng limitéiert Serie vu Péckvillercher hiergestallt, déi nieft engem Stempel och eng Seriennummer hunn a beléifte Sammelartikel sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eemaischen – Biller, Videoen oder Audiodateien