Emile Berchem

Vu Wikipedia
Emile Berchem
Gebuer 28. Dezember 1837
Lëtzebuerg
Gestuerwen 7. August 1918
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Moler, Zeechner

Den Emile Gilles Berchem, gebuer den 28. Dezember 1837 an der Stad Lëtzebuerg, an och do de 7. August 1918 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Geschäftsmann, Moler an Zeechner.[1]

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Emile Berchem war de Jong vum François Hubert Berchem a senger Fra Anne Berchem.[2] Hien huet eng Penninger-Studiebourse kritt[3] a goung am Stater Kolléisch an d'Schoul. Wéi och säi Papp gouf de Berchem Geschäftsmann an der Stad.. 1862 huet hie seng Niëss Anna Adèle Berchem (1843-1867) bestuet a méi spéit an engem zweete Bestiednis d'Franziska Müller (1848-1898).

De Berchem war vun 1874 u Member a vun 1892 u Vizepresident vun der Handelskammer. 1880 war hie Matgrënner vun der Société Anonyme du Casino de Luxembourg, déi de Casino Luxembourg opriichte gelooss huet.[4]

De Berchem hat schonn e gewëssen Alter, wéi en d'Molerei entdeckt huet, déi e sech als Autodidakt bäibruecht huet.[5] Hien huet figurativ Landschaften a Vuë vu Stied gemoolt, am Aquarell a mat Kräid.[6] 1896 huet hien um Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg deelgeholl, wou hie 14 Tableauen agereecht hat (de Pierre Blanc hat der 15). An der Indépendance luxembourgeoise schrouf e Kritiker, datt dem Berchem seng Biller handwierklech net schlecht ausgeféiert, ma soss éischter banal wieren:

"Ces aquarelles démontrent que M. Berchem n'est pas sans adresse ni sans habileté, mais elles prouvent aussi que le tempérament artistique est chose qui ne s'apprend jamais. L’œuvre de M. Berchem ressemble donc trop à une collection de photographies coloriées où la nature se noie dans la banalité."[7]

Den Emile Berchem ass mat 80 Joer gestuerwen.[8]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Emile Berchem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Emile Berchem", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  2. Etat civil Stad Lëtzebuerg: Gebuertsakten 1837, Akt Nr 476.
  3. Aug. Bruck (1874-1882) "Fondations de bourses d'études instituées en faveur des Luxembourgeois", Luxemburg: V. Buck.
  4. "Arrêté royal grand-ducal du 22 septembre 1880, qui, autorise la formation de l'association anonyme dite «Casino de Luxembourg» et en approuve les statuts.", Mémorial, 23. September 1880.
  5. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6}}. p. 22.
  6. Lambert Herr (1992) Anthologie des arts au Luxembourg. Luxemburg: Editions Emile Borschette. ISBN 2-87982-034-0. p. 24-25.
  7. "Beaux-Arts", L'Indépendance luxembourgeoise, 9. September 1896.
  8. Etat civil vun der Stad Lëtzebuerg: Stierffäll 1918, Akt Nr. 346; "Monsieur Emile BERCHEM", Doudesannonce am Luxemburger Wort, 7. August 1918.
  9. "Actes officiels : Ordre de la Couronne de chêne", Mémorial, 25 juli 1891.

Quell: Iwwersat vun nl:Emile Berchem