Ensisheim (Meteorit)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E Stéck vum Meteorit am Musee vun Ensisheim
Den Donnerstee vun Ensisheim, e Fluchblat vum Brant aus dem Joer 1492

De Meteorittefall vun Ensisheim ass ee vun den eelste gesécherte Meteorittefäll an Europa, vun deem nach Meteorittematerial disponibel ass.

Am Virmëtteg vum 7. November 1492[1] war en 127 kg schwéiere Steemeteorit mat héijer Vitesse an d'Äerdatmosphär agetratt. De Meteorit hat eng grouss Liichtspur iwwer den Himmel gezunn, a war mat Gedonner an der Géigend vun der elsässesche Stiedchen Ensisheim op e Feld geschloen.

D'Erreegnes gouf vu ville Bierger observéiert, ënner hinnen och den Zeechner Albrecht Dürer, dee seng Andréck op enger faarweger Zeechnung festgehalen hat. De Fall hat groussen Intressi bei der Populatioun. De Sebastian Brant hat e Fluchblat publizéiert mat engem Bericht iwwer de Meteor.

Den däitsche Kinnek Maximilian I. war eegens ugereest, fir méi iwwer den Donnersteen ze wëssen a Geriicht driwwer ze halen. Well hien däiwelech Muechten dra gesinn huet, hat hien de Meteorit a Ketten leeë gelooss an an der Parkierch ophänke gelooss.

Am Laf vun der Zäit goufen ëmmer nees Stécker vum Meteorit erofgeschloen, déi haut a Museeën an a Sammlunge sinn. E Reschtstéck vu 55,75 kg ass am Musee Palais de Regence zu Ensisheim ze gesinn.

Den Ensisheim ass e Steemeteorit vum Typ LL6 aus der Grupp vun de gewéinleche Chondriten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ensisheim meteorite – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]