Erich Schoenberg

Vu Wikipedia
Erich Schoenberg
Gebuer 27. Dezember 1882
Warschau
Gestuerwen 23. Januar 1965
Brannenburg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Kiel
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Bayeresch Wëssenschaftsakademie

Den Erich Karl Wilhelm Schoenberg, gebuer de 27. Dezember 1882 zu Warschau a gestuerwen den 23. Januar 1965 zu Brannenburg, Bayern, war en däitschen Astronom.

Liewen a Wierken[änneren | Quelltext änneren]

Säi Papp war Gymnasialprofesser fir Latäin a Griichesch zu Warschau. Nom Abitur 1900 huet den Erich fir eng gewëssen Zäit op enger Schëffswerft zu Riga an als Navigatuer geschafft, huet dann 1902 zu Warschau, Stroossbuerg an Dorpat (Tartu) ugefaangen ze studéieren. 1907 mécht hien zu Dorpat säin Ofschloss mat enger Aarbecht iwwer d'Bunnbestëmmung vun Duebelstäresystemer, a war dann Assistent am Observatoire Dorpat. 1912 promovéiert hien zu Kiel. Vun 1915 bis 1918 war hien Direkter vum Observatoire Dorpat, dat allerdéngs an den Zäite vum Russesche Biergerkrich verlooss war. Nodeem hien an där Zäit als Geodet fir déi estnesch Arméi geschafft huet, ass hien 1920 als Geodet a Finnland gaangen. 1925 habilitéiert hie sech zu Greifswald a gouf 1926 Direkter vum Observatoire Breslau. 1946 gouf hie Direkter vum Universitéits-Observatoire München a Professer op der Universitéit München. Hien huet och den Opbau vum deelweis zerstéierten Observatoire geleet. 1954 gouf hie pensionéiert. Hie beschäftegt sech ënner anerem mat der Astro-Photometrie a schreift 1932 een Artikel doriwwer an der Enzyklopädie der mathematischen Wissenschaften.

De Schoenberg war Member vun der Bayerescher Akademie vun de Wëssenschaften.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie