FC Internazionale Milano
| Inter Mailand | ||||
| Offiziellen Numm: | Football Club Internazionale Milano | |||
| Spëtznumm: | Inter, Nerazzurri, Beneamata | |||
|---|---|---|---|---|
| Veräinsfaarwen: | Schwaarz-Blo | |||
| Grënnung: | 1908 | |||
| Stadion: | Stadio Giuseppe Meazza, San Siro, Mailand |
|||
| Plazen: | 82 955 | |||
| President: | Massimo Moratti | |||
| Trainer: | Andrea Stramaccioni | |||
| Liga: | Serie A | |||
| 2010/11: | Zweeten | |||
|
|
||||
Den Inter Mailand (offiziell Football Club Internazionale Milano) ass en italienesche Foussballclub vu Mailand, deen am Joer 1908 vun Dissidente vum Lokalrival AC Mailand gegrënnt gouf. Den Inter spillt am Moment (Saison 2011/12) an der éischter italienescher Liga, der Serie A.
Mat 18 nationale Meeschterschaftstitelen, 7 Coupe-Gewënner, als dräimolege Gewënner vum UEFA Cup, als dräimolege Gewënner Gewënner vun der Europa-Coupe vun de Landesmeeschteren respektiv vun der UEFA Champions League an als eemolege Gewënner vun der Welt-Coupe ass Inter Mailand eng vun de Veräinsequippe mat deem meeschte Succès vun der Welt. De Stadion San Siro (offiziell Giuseppe-Meazza-Stadion - kuckt méi ënnen) deelt e sech mam Lokalrival AC Mailand.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
Den 9. Mäerz 1908 fanne sech 44 Dissidente vum AC Mailand (deemols nach Milan Club) zesummen, déi net mat der Leedung vun hirem ale Club averstane sinn. Milan Club hat nämlech just italienesch Foussballspiller. Sou ass d'Internazionale Milano entstanen. Déi éischt Equipe vun Inter huet also deemno haaptsächlech aus internationale Foussballspiller bestanen (an deem heite Fall schwäizer): Cocchi; Kappler, Marktl; Niedermann, Fossati, Kummer; Gama, Du Chene, De Vere, Wipft, Volke a Schuler. D'Veräinsfaarwe ware schonn deemols Blo a Schwaarz, fir de Kontrast mam Milan Club ze weisen.
Den éischten Erfolleg huet net laang op sech waarde gelooss: An der Saison 1909/10 huet den Inter schonn d'Meeschterschaft gewonnen. Zënterhier spillt den Inter konstant, an ass och déi eenzeg Equipe déi nach ni aus der héichster italienescher Liga erausgefall ass.
An de 60er Joren ass den internationalen Duerchbroch gelongen. De groussen Inter (Grande Inter), trainéiert vum legendären Helenio Herrera huet all international Tropheeë gewonnen: zweemol hannerteneen (1963 an 1964) den Europapokal vu de Landesmeeschter (deemoleg UEFA Champions League), an zweemol de Weltpokal.
An de 70er, 80er an 90er Jore war den Inter haaptsächlech op nationalem Niveau erfollegräich: eng sëllege Meeschterschaften, Coupen a Supercoupen. Den éischten internationalen Erfolleg no de 60er war 1991 den UEFA-Cup.
De Succès vun de 60er ass 2011 ënnert der Leedung vum Trainer José Mourinho widderholl ginn. An der Saison 2010/11 huet den Inter all Pokal gewonn: Meeschterschaft, Coupe, Champions League a Weltpokal. Den Inter ass deemno déi éischt italienesch Equipe déi et fäerdeg bruecht huet, all nationalen an internationale Pokal, an enger eenzeger Saison ze gewannen.
[änneren] Stadion
Den offiziellen Numm vum Foussballstadion vum Inter Mailand ass den Giuseppe-Meazza Stadion. Den Numm gouf nom Ëmbau zu Éiere vum Foussballspiller Giuseppe Meazza verginn. De Meazza huet haaptsächlech beim Inter (365 Spiller) a beim AC Milan (37 Spiller) gespillt. Hie gëllt haut nach, als ee vun den erfollegräichste Spiller aus Italien. Trotzdem gëtt de Stadion weiderhi mat sengem alen Numm San Siro genannt. San Siro ass den Numm vum Quartier, wou de Stadion steet. De Stadion huet eng Capacitéit vun 82.955 Sëtzplazen, déi an dräi Räng agedeelt sinn.
[änneren] Trikot
Zënter 1908 huet sech den Trikot vun Inter vill g'ännert:
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Inter Milan – Biller, Videoen oder Audiodateien |
