François Arago

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
François Arago

Den Dominique-François-Jean Arago gebuer de 26. Februar 1786 zu Estagel bei Perpignan, a gestuerwen den 2. Oktober 1853 zu Paräis, war e franséische Physiker an Astronom.

De François Arago huet op der Ecole Polytechnique zu Paräis studéiert. Am Joer 1805 gouf hie Sekretär am Bureau des Longitudes. Ënner grousse Schwieregkeeten huet hien zesumme mam Jean-Baptiste Biot d'Meridianmiessunge vum Pierre Méchain a Spuenien ënner Opdrag fäerdeg gemaach. Am Joer 1809 gouf hien zum Member vum Institut National gewielt an hält Schoul op der Ecole Polytechnique. Am Joer 1811 huet hien nogewisen, datt och polariséiert Liicht interferéiere kann (Polarisation colorée, chromatesch Polarisatioun).

Den Arago war iwwerzeegt dovun, datt d'Liicht aus Transversalwelle besteet (no der sougenannter Ondulatiounstheorie). Mam Augustin Jean Fresnel huet hien 1819 d'Gesetz fonnt, no deem zwéin an engem Niveau polariséiert Strale mateneen interferéiere kënnen, zuenee vertikal polariséiert Stralen awer net.

Am Joer 1820 huet hien d'Magnéitiséierung vum Eisen (Stolnol) duerch e Leeder duerch dee Stroum fléisst bemierkt. 1824 huet hien d'Experiment gemaach, bei deem eng fräi rotéierbar Magnéitnol iwwer eng Kofferscheif déi rotéiert, schwieft, an duerch d'Rotatioun vun der Scheif och a Bewegung gesat gëtt. De Michael Faraday huet e puer Joer méi spéit nogewisen, datt et sech dobäi ëm d'Induktioun handelt. Den Arago huet dat Phenomen Rotatiounsmagnéitismus genannt. Et war och deen éischte Versuch, deen de Wierbelstroum noweise konnt.

Zënter 1830 war den Arago Direkter vum Paräisser Observatoire an huet do all modern Méiglechkeete vun der Astronomie an der Physik ausgenotzt. Als éischten huet hien d'Szintillatioun agefouert, vun de Stären op Interferenzen an der Atmosphär vun der Äerd zréck, déi wéinst der Loftbewegung entstinn.

Den Arago ass mat sengem Numm um Eiffeltuerm veréiwegt, kuckt: 72 Nimm um Eiffeltuerm.

[änneren] Wierker

  • Dominique Arago: Œuvres complètes. – Paris : Baudry/Gide 1854–1862 (Hrsg.: J. A. Barral)

[änneren] Literatur

[änneren] Um Spaweck

Commons: François Jean Dominique Arago – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen