Michael Faraday

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum Michael Faraday

De Michael Faraday, gebuer den 22. September 1791 zu Newington a gestuerwen de 25. August 1867 zu London, war en engleschen Naturwëssenschaftler.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

1813 ass de Buchbënner Michael Faraday als Assistent an d'Laboratoire vun der Royal Institution vu London agestallt ginn. 1825 gouf hien dunn als Autodidakt den Nofolger vum Humphry Dawys als Direkter vum Laboratoire, an 1827 souguer Professer fir Chimie.

Seng wëssenschaftlech Aarbechten[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1818 un huet de Michael Faraday raschtfräi Stollegéierungen entwéckelt. Hien huet och fir d'éischt Chlor an duerno och aner Gasen ënner Drock verflëssegt. Wéi hien 1825 Ueleg ënnersicht huet, huet hien de Benzol entdeckt.

Dem Michael Faraday säin Haaptfuerschungsfeld war awer d'Elektrizitéit. Hie war dovun iwwerzeegt datt een dës Naturkraaft an aner Energieforme wéi Wäermt, Magnetismus a Liicht ëmwandele kéint an datt dëst och ëmgedréit méiglech wier. De Michael Faraday huet duerch praktesch Experimenter déi elektromagnéitesch Induktioun entdeckt a gouf zum Grënner vun der Elektrodynamik.

1833 huet hien dat no him genannten Elektrolys-Gesetz entdeckt an 1845 huet hien d'Dréiung vun der Polarisatiounsgläicht vum Liicht a magnéitesche Felder entdeckt. Dëse sougenannte Faraday-Effekt huet d'Entwécklung vu Mechanismen an der Héichvitessefotografie fir extrem kuerz Beliichtungszäiten erméiglecht.

Op hie geet de sougenannte Faraday-Käfeg zréck, e Raum, deen duerch Metallgitter géint all elektresch Aflëss ofgeschiirmt ass.

Commons: Michael Faraday – Biller, Videoen oder Audiodateien