Gérard Lopez

Vu Wikipedia

De Gérard Lopez, gebuer de 27. Dezember 1971 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e spuenesche Manager.[2] Hien ass zu Esch-Uelzecht opgewuess.

Op der Miami University zu Oxford am US-amerikanesche Bundesstaat Ohio huet hien Entrepreneriat studéiert.

Ufanks huet hie bei Icon Solutions geschafft, duerno, vun 1995 bis 1998 fir eng e-Finanz-Gesellschaft.[3]

2000 war hie Matgrënner an ass zanterhier geschäftsféiernden Associé vun der Investment-Gesellschaft Mangrove Capital Partners[4] mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg. Mangrove ass bekannt dofir, ë. a. zu de fréien Investisseure bei der Gesellschaft Skype ze zielen. Am Oktober 2014 huet hien d'Direktioun vun där Gesellschaft opginn.[5]

Zanter 2008 ass hie President vum Verwaltungsrot[6] vun der Investment-Gesellschaft Genii Capital mat Sëtz an der Gemeng Hesper. Am Dezember 2009 huet Genii Capital 75 % vun de Parte vum Formel 1 Team vu Renault ofkaf.[7]

Hien ass President vum Foussballclub CS Fola Esch.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Sorlut, P., 2022. Année noire pour Gerard Lopez. L'entrepreneur hispano-luxembourgeois est inculpé pour faux et usage de faux au Luxembourg au côté de son partenaire Éric Lux. - d'Lëtzebuerger Land vum 3. Juni 2022, S. 9.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial C — N° 1960 vum 8. Oktober 2009, S. 94059
  2. Gérard Lopez pilotera bien Renault F1, Le Quotidien Online vum 17. Dezember 2009: "Né à Luxembourg le 27 décembre 1971 et de nationalité espagnole, Gérard Lopez a grandi à Esch-sur-Alzette" Archivéiert op 2012-08-12. Gekuckt de(n) 2012-02-06.
  3. Jonathan Noble: "ProFichier: Genii's Gerard Lopez" op autosport.com, 16.12.2009.
  4. Mémorial C — N° 286 vum 15. Abrëll 2000, S. 13682
  5. Mark Tluszcz: Adios Gerard…… Partnerships don't last forever, but friendship does., 15. Oktober 2014
  6. Mémorial C — N° 2410 vum 2. Oktober 2008, S. 115665
  7. "Renault agrees sale of 75 % stake in its F1 team." Financial Times, 17. 12. 2009.