Geocaching

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Geocaching ass eng Fräizäitaktivitéit, déi dora besteet eng Stopp (en.: Cache) anzeriichten déi aus engem witterungsfeste Behälter besteet, an deem e Logbuch a kleng Tauschartikele leien (wann d'Gréisst vum Cache dat zouléisst). D'Koordinate vum Cache ginn dann um Internet publizéiert, sou datt jiddwereen dee mat engem GPS a mat de Koordinaten equipéiert ass, de Cache siche kann. Wann e Cache fonnt ginn ass, dréit déi Persoun sech an de Logbuch an a kann e Gadget tauschen.

Caches kënnen iwwerall verstoppt ginn, si sinn awer an den allermeeschte Fäll op ëffentlech zougängleche Plazen. Diskretioun ass dofir e wichtege Facteur wann een e Cache fannen („loggen“, vun engl: to log) wëll, fir ze verhënneren datt net-Ageweihtener (genannt: Muggles) dës duerno selwer mathuelen, respektiv eidel raumen.

Geocaching gëtt et op alle 5 Kontinenter, a souguer an der Antarktis.[1]

Op der gréisster Geocaching-Websäit (www.geocaching.com) si bal 1 Millioun Cache-Plaze repertoriéiert (Stand: Februar 2010).

Geocaching.jpg

Originnen[änneren | Quelltext änneren]

Letterboxing gëllt als ee vun de Päpp vum Geocaching. Letterboxing gouf am 19. Joerhonnert beléift als Méiglechkeet fir Bréiwer ouni Timber vun enger Plaz op eng aner ze schécken. De Bréif gouf op enger Plaz an enger Këscht hannerluecht. Den nächste Visiteur vun där Këscht huet de Bréif oder d'Postkaart da matgeholl.
Den Ufanksdatum vu Geocaching gëtt verschiddentlech op den 1. Mee 2000 geluecht. Deen Dag gouf vum deemolegen US-President Bill Clinton annoncéiert, datt d'Selective Availability (selektiven Ëmfang) vum GPS ofgeschalt géif ginn. Dëse System hat bis dohin assuréiert, datt d'US-Sträitkräft genee Donnéeën haten, während privat Notzer vum GPS-System eng Feelermarge vun 10 Meter horizontal an 30 Meter vertikal hu missten akzeptéieren. Am Joer 2000 gouf d'SA ofgeschalt, well Diffential GPS (DGPS) gehollef huet, d'Feelermargen duerch eege Berechnungen auszegläichen. Zum selwechten Zäitpunkt huet d'US-Regierung annoncéiert, datt d'Arméi awer d'Méiglechkeet géif behalen, GPS Signaler regional ausser Kraaft ze setzen.[2]
Den 3. Mee 2000 huet den Dave Ulmer aus dem US Staat Oregon den éischte Cache placéiert: e Plastikseemer, an deem verschidde Gadgete louchen. D'Koordinaten huet hien am Usenet Grupp sci.geo.satellite-nav publizéiert.[3] Den 9 September 2000 gouf dunn den Domain www.geocaching.com registréiert, op deem en Internetsite entstoe sollt fir Koordinaten auszetauschen. Dëse Site ass haut dee gréisste Site fir den Austausch vu Koordinaten, a gehéiert der Firma Groundspeak Inc., déi de Site verwalt an och Marchandise ëm Geocaching verkeeft.[4]

Wou fënnt ee Geocaches?[änneren | Quelltext änneren]

Geocaches kommen an alle Gréissten a Formen a kënnen op zimlech allen einfach an och heiansdo méi schwéier zougängleche Plaze verstoppt ginn. Déi klengst méiglech Cachë sinn déi sou genannten „Nano-Caches“, déi aus engem winzegen zylindresche Behälter bestinn an deem e Log opgerullt ass. Dës sinn net méi wéi 1 cm grouss a magnéitesch. Als Behälter beléift sinn och Douse vu 35mm Filmer, an deenen e Log opgerullt gëtt. Dës Typë vu Caches sinn an engem urbanen Ëmfeld, wéi zum Beispill a Stied, vill a Gebrauch, well se duerch hir kleng Taille manner a Gefor sinn, duerch Muggles fonnt ze ginn. Wou awer Plaz ass gi gäre Plastiksdouse benotzt, déi den Inhalt virun der Nätzt schützen. Beléift sinn hei Tupperware-Dousen oder ähnlech Produiten. An dëse leien dann och meeschtens Tauschartikele vu geréngem Wäert. Aner Caches kënnen aus Tresorë bestoe fir déi een d'Kombinatioun muss fannen, oder aner Behälter, der Fantasie sinn hei keng Grenze gesat.
Bei Geocaching beléift si Caches déi op besonnesch schéi Plazen opmierksam maachen, wéi zum Beispill al Buergen, schéi Vuen oder soss Siten déi een an der deeglecher Hetz net sou appréciéiert. Besonnesch Multi-Caches déi dann eigentlech komplett Randonnéeë sinn, kënne ganz interessant an informativ si wa si gutt ugeluecht goufen. Sou gëtt et zum Beispill an der Stad Lëtzebuerg e puer Multi-Caches, bei deenen een en Tour duerch d'ganz Stad mécht an dobäi och als Lëtzebuerger onbekannten Ecker kenne léiert. Aner Caches probéieren engem d'Natur méi no ze bréngen, andeems se laanscht Biotope féieren oder al Léierpied erëm doduerch aktivéieren, datt een, fir de Cache ze fannen, op den Informatiounsschëlder muss Hiwäiser sammele fir de Cache ze fannen. Sou huet Geocaching och e groussen touristeschen Notzen, well et besonnesch schéin Ecker vun enger Regioun valoriséiert an engem d'natierlecht oder kulturhistorescht Ëmfeld op eng spilleresch Manéier méi no bréngt.

Zu Lëtzebuerg a ronderëm[änneren | Quelltext änneren]

Caches fënnt een zimlech iwwerall, zum Beispill um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg (75 Caches), Diddeleng (32 Caches) oder Tréier (94 Caches).[5] Och de Mëllerdall an de Sauer- a Musel-Dall si beléifte Plaze fir ze cachen.

Variatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Traditional Cache: De Cache ass op de Koordinaten, déi iwwer Internet ofgeruff kënner ginn a besteet aus engem Logbuch, an dat ee sech andréit wann een de Cache fonnt huet. Et kënnen och nach Tauschartikel vu, meeschtens, geréngem Wäert an der Këscht dra sinn.
  • Multi-Cache: Dësen Typ vu Cache ënnerscheet sech vun den traditionelle Cachen doduerch, datt een op den Ufankskoordinaten net den eigentleche Cache, ma d'Koordinate fir en nächste Punkt fënnt (eng.: Waypoint, WP). Um Enn vu sou enger Ketten ass dann den eigentleche Cache (engl.: Final).
  • Virtuelle Cache: Typ vu Cache ouni Këschten a Logbicher. Dësen Tpy gëtt mëttlerweil net méi vun der Säit geocaching.com zougelooss gëtt, well et Diskussiounen drëm ginn, ob sou Cachen iwwerhaapt nach eppes mam Geocaching u sech ze dinn hunn. Dozou gehéieren och déi sou genannte Couch potato Caches, bei deenen een nach net emol de Computer muss verloossen. Et gëtt awer och:
  • Äerd-Cache: Engl.: Earth-Cache. Dës edukativ Cachë féieren een op Plazen déi engem eppes iwwer den Terrain an/oder d'Natur ronderëm bäibréngen. Beispiller fir sou Cachë fanne sech zum Beispill am Mëllerdall oder an der Stad Lëtzebuerg.
  • Webcam-Cache: Amplaz sech an e Logbuch anzeschreiwen, muss ee sech hei op eng Plaz stelle wou eng ëffentlech Webcam ass, a sech da per Internet selwer „fotograféieren“ fir ze beweisen, datt een op där Plaz war.
  • Mystery-Cache: Als Mystery-Cache gëllt all Form vu Cache, wou et e Rätsel ze léise gëtt, duerch dat eréischt d'Koordinaten erausfonnt kënne ginn. Heiansdo fënnt een op där Plaz déi uginn ass e Rätsel wat et ze léise gëllt, heiansdo sinn d'Koordinate selwer d'Rätsel, sou datt een déi fir d'éischt muss richteg kréien. Der Fantasie sinn hei keng Grenze gesat.
  • Letterbox-Hybrid: Dës Caches benotzen Hiwäiser amplaz Koordinate fir e Cache ze fannen. Heiansdo schreift ee sech do och net an e Logbuch an, ma et mécht een e Stempel an e Bichelche wat dofir virgesinn ass.
  • Nuetscache: Dës Cachë kënnen nëmmen nuets gemaach ginn. Si bestinn doran, datt ee Luten an/oder Reflektere muss nogoen, déi een da bei de Cache féieren.
  • Event-Cache: Dës existéieren nëmme fir d'Dauer vun engem Evenement, wou Cacher sech treffen. Dësen Evenement muss net onbedéngt direkt eppes mam Cachen ze dinn hunn, zum Beispill d'Schueberfouer.
  • Cache-In Trash-Out: Bei dësem Event gëtt Dreck agesammelt fir Respekt virun der Natur ze weisen. Cacher sinn awer insgesamt gehalen, d'Natur ze respektéieren an och baussent vu sou Events Cache-In Trash-Out ze maachen.
  • Mega-Event Cache: D'selwecht wéi en Event Cache, ma mat mindestens 500 Participanten.

Terminologie[änneren | Quelltext änneren]

BYOP: Bring Your Own Pen (Eegene Stëft matbréngen, meeschtens well de Cache ze kleng ass fir eppes anescht wéi de Log ze halen)
DNF: Did Not Find (Net fonnt, de Cache ass entweder verschwonnen, oder de Cacher huet en einfach net fonnt. No e puer DNF hannerenee ginn déi meescht Besëtzer awer eng Kéier kucken, ob de Cache nach op der Plaz läit.)
FTF: First To Find (Éischten deen de Cache fonnt huet, nodeem e geluecht gouf)
TFTC: Thank you For The Cache (Merci fir de Cache, gëtt gären an e Log geschriwwen)
No trade: Et gouf näischt getosch; de Cacher huet sech nëmmen an d'Logbuch agedroen.
Muggles: Terme fir non-Cacheren, inspiréiert vun den Harry-Potter-Bicher.
Final: Den eigentleche Cache bei engem Multi-Cache. All eenzelne Punkt bis dohi gëtt 'Waypoint' genannt.

Travel Bugs a Geocoins[änneren | Quelltext änneren]

Dëst si Produiten déi vun der Firma Groundspeak verkaf ginn, an déi amplaz vun Tauschobjeten a Caches kënne geluecht ginn.

  • Travel Bugs si kleng Aluminiumsplättercher mat enger aggravéierter Nummer. Si gi vun engem Besëtzer anzwousch „ausgesat“ mat enger Fixer Destinatioun déi se sollen erreechen. Jiddwereen deen en Travel Bug fënnt kann um Internet mat Hëllef vun der aggravéierter Nummer de Besëtzer an d'Destinatioun gesinn.
  • Geocoins funktionéieren ähnlech wéi Travel Bugs, mä sinn a Form vun enger Mënz. All Geocoin huet ee Symbol um Site geocaching.com, a wann een e Geocoin fënnt an déi Découverte andréit kritt een d'Symbol vun deem Geocoin a säi Profil bäi. Eng Rei Organisatiounen oder Cluben hu sech d'Méi gemaach, eege Geocoins an Ëmlaf ze brénge, sou datt et mëttlerweil Cacher ginn déi dës sammelen. Net gär gesi gëtt awer, wann ee Geocoins fir sech behält, se also „aus dem Verkéier“ zitt.

Ethik a Kontroversen[änneren | Quelltext änneren]

Beispill vun engem korrekt gekennzeechente Cache an Holland

Et geet bei Geocaching, wéi bei anere Sport- a Fräizäitaktivitéiten och, vill ëm Respekt virun Aneren a Fairness. Aus deem Grond gëtt et keng festgeschriwwe Regelen, ma dofir awer ongeschriwwe Consignen. Eng vun dëse Regelen ass et zum Beispill, Caches weder op Privatgrondstécker, nach a Gebaier ze verstoppe wou d'Ëffentlechkeet keen Accès huet, fir keng Eegentumsrechter ze verletzen. Et gëtt och dovun ofgeroden, Caches op Plazen anzeriichten, wou ee sech als Cacher duerch eng länger Presenz kéint verdächteg maachen, z. B. bei Installatioune vun de Sécherheetskräft oder anere wichtegen Ariichtungen. Och de Respekt virun der Natur steet am Virdergrond; et solle keng Cachen op Plaze verstoppt ginn, wou een den natierlechen Habitat vu Planzen oder Déiere géif futti maachen.
Eng Rei Cachen hunn souguer dozou gefouert, datt Bommenalarm ausgeléist gouf oder verdächtegt Behuelen un d'Police gemellt gouf, dëst zum Beispill an Däitschland[6] an an den USA [7]. Aus Lëtzebuerg ass nach kee sou e Fall bekannt. Dofir gëtt geroden, all Cachen däitlech als Geocache ze markéieren, meeschtens duerch e Sticker dee baussen um Cache ubruecht gëtt, an en op Plazen ze placéieren déi net sou exposéiert sinn, datt d'Police kéint mengen et géif sech ëm e Risiko handelen. Cacherë ginn encouragéiert, falls Caches net dëse Regelen entspriechen, se ze mellen. An deem Fall kënne sou Cachen aus de Lëschte gestrach ginn.

Ausrüstung[änneren | Quelltext änneren]

Als Ausrüstung gëtt en Apparat mat GPS Ëmfänger benotzt. Dëst kann e GPS-Apparat sinn, oder awer och e moderne Smartphone, wéi zum Beispill den HTC oder den Apple iPhone mat den entspriechenden Applikatiounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Geocaching – Biller, Videoen oder Audiodateien