Gréiwelsser Haff
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Gréiwelsser Haff | |
---|---|
De Gréiwelsser Haff am Februar 2018 | |
An anere Sproochen |
fr: Ferme de Grevels[1] de: Grevelshof[1] |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Bartreng |
Buergermeeschter | M. Smit-Thijs (DP) |
Koordinaten |
49° 35’ 56’’ N 06° 02’ 26’’ O |
De Gréiwelsser Haff, op der topographescher Kaart als Gréivelserhaff agedroen, ass e fréiere Bauerenhaff an e Lieu-dit an der Gemeng Bartreng.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Gréiwelsser Haff läit an der Kadastersektioun Lorentzscheuer vun der Gemeng Bartreng, ronn 300 m nërdlech vun der N5, tëscht dem Niderterhaff an der Gréiwelsser Barrière, op enger Héicht vun ca. 303 m.
Den Haff
[änneren | Quelltext änneren]Dat gréisst Gebai op där Plaz ass den Haff selwer deen awer net méi als Baurebetrib exploitéiert gëtt.
De Stall vum Gréiwelsser Haff, mat der Scheier uewendriwwer gouf 2007 komplett renovéiert a gëtt vun der Gesellschaft Greiwels S.à r.l. fir privat Manifestatioune verlount.
Bis 1927 huet den Haff zum Gréiwelsser Schlass gehéiert. Zanter 1935 gehéiert en der Famill Christophory, aus där de Jul Christophory staamt.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Christophory, Jul: Le château de Grevels et la libération de Bertrange au Grand-Duché de Luxembourg du 9 septembre 1944: souvenirs et témoigages. Éd. Paul Bauler, Luxembourg 2009, 199 S.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied