Heinrich Schwabe

Vu Wikipedia
Heinrich Schwabe
Gebuer 25. Oktober 1789
Dessau
Gestuerwen 11. Abrëll 1875
Dessau
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Astronom, Physiker, Botaniker, Apdikter
Member vun Royal Society

De Samuel Heinrich Schwabe, gebuer de 25. Oktober 1789 zu Dessau a gestuerwen den 11. Abrëll 1875 och zu Dresden war en däitschen Astronom.

De Schwabe huet d'Schoul 1806 verlooss, fir Apdikter ze ginn. Hie studéiert vun 1809 un d'Pharmacie, Chimie, Botanik a Physik zu Berlin. Am Joer 1811 kënnt hien op Dessau zeréck, fir d'Apdikt vu sengem Grousspapp z'iwwerhuelen. No dem Verkaf vun der Apdikt (1829) huet de Schwabe sech nëmmen nach den Naturwëssenschaften zougekéiert.

Am Joer 1825 huet hien ugefaange sech fir d'Astronomie z'interesséieren. Hien entdeckt ë. a. 1843 déi 11järeg Sonnefleckeperiodizitéit, geet deemools allerdéngs vun enger Period vun 10 Joer aus. No him gouf dofir de Schwabe-Zyklus benannt. Duerch seng Publikatioune gouf den Alexander von Humboldt op hien opmierksam an huet de Schwabe 1833 a sengem Observatoire besicht.

Am Joer 1838 publizéiert de Schwabe d'„Flora Anhaltina“, ee Wierk iwwer d'Planzewelt vum Land Anhalt. Bemierkenswert ass och säin Herbarium mat Planze vu sengen Auslandsreesen an aus den Dessauer Parkanlagen.

Am Joer 1841 bestit hien d'Ernestine Amalie Moldenhauer.

1857 kritt hien d'„Grouss gëlle Medail“ vun der Royal Astronomical Society[1].

Um Mound ass zu Éiere vum Schwabe e Krater vu 25 km Duerchmiesser no him genannt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Royal Astronomical Society: Winners of the Gold Medal of the Royal Astronomical Society op https://archive.li/20120629051355/www.ras.org.uk/index.php?option=com_content&task=view&id=268&Itemid=0 [23.04.2006]