Haushong

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Hong)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gallus gallus domesticus
Haushénger (Gallus gallus domesticus)
Haushénger (Gallus gallus domesticus)
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Héngervullen
Famill: Phasianidae
Gattung: Gallus
Aart: Bankivahong
Ënneraart: Haushong
Wëssenschaftlechen Numm
Gallus gallus domesticus
Linnaeus 1758


D'Haushong (Gallus gallus domesticus) ass eng Zuuchtform vum Bankivahong, engem Wëllhong aus Südostasien, a gehéiert zu der Famill Phasianidae (de:Fasanenartige). Landwirtschaftlech ginn se zum Geflijel gezielt.

Inhaltsverzeechnes

Nimm[änneren]

D'männlecht Haushong nennt een Hunn, de kastréierten Hunn Chapon. D' Weibchen heescht Hong oder Hung, wa Jonker derbäi sinn, Kluck. Déi jonk Hénger heeschen allgemeng Jippelcher oder Hénkelen. E jonkt erwuessent Hong ass eng Pëll. Gëtt de jonken Hunn an der Kiche verschafft, gëtt e Poulet genannt.

Ausgesinn[änneren]

D'Haushong weit tëscht 1,5 bis 5 kg jee no Rass. Gewéinlech ass den Hunn 1 kg méi schwéier ewéi d'Hong. Et ginn do dernierft och Zwergrassen, déi tëscht 500 an 1200 Gramm weien. Typesch fir Hénger ass de roude Kamp, dee beim Hunn méi grouss ass ewéi beim Hong. Den Hunn huet och e méi laange, séchelfërmege Schwanz.

Komportement[änneren]

Den Hunn "kréit" (mat der Onomatopee "Kikeriki" erëmginn), d'Hénger "gackeren" (vereelzt ë. a. och nach: "gaaksen, "gaken", "kakelen", "käcksen").

Den natierleche Kascht vun Hénger si Kären, Wierm, Schleeken, Insekten an esouguer Mais.

Haushénger kënnen am Joer ca. 250 bis 300 Eeër leeën, wann hinnen dat frësch geluetent Ee ewechgeholl gëtt.

E Jipplechen, frësch aus dem Ee

Héngerzuucht[änneren]

Schanken, déi a China fonnt goufen, deiten drops hin, datt schonns an der Neisteenzäit (6. Joerdaused v. Chr.) d'Hénger domestizéiert waren. A Mëtteleuropa sinn déi eelsten archeologesch Hiweiser op Héngerhaltung aus der fréier Eisenzäit (Hallstattkultur).

Literatur[änneren]

  • Norbert Benecke: Der Mensch und seine Haustiere. Die Geschichte einer jahrtausendealten Beziehung. Stuttgart, 1994. ISBN 3-8062-1105-1
  • B. & L. Peitz: Hühner halten. Stuttgart, 1998. ISBN 3-8001-7381-6
  • F. E. Zeuner: Geschichte der Haustiere. München, 1967. ISBN B0000BUB5T

Kuckt och[änneren]

Commons: Haushinger – Biller, Videoen oder Audiodateien