Humphrey-Davidson-Grenz

Vu Wikipedia

D'Humphrey-Davidson-Grenz ass déi empiresch bestëmmt maximal Liichtkraaft, an där e Stär am hydrostatesche Gläichgewiicht existéiere kann. Si gouf fir d'éischt vun den amerikaneschen Astronomen R. M. Humphrey a K. Davidson am Joer 1979 beschriwwen.

Iwwer der Humphrey-Davidson-Grenz sinn nëmme Stären déi wärend Eruptioune wéi z. B. Supernovaë observéiert goufen. Wann d'Liichtkraaft iwwer dee Wäert klëmmt, da kënnt et zu séieren a verännerleche Masseverloschter duerch Stärewand wéi bei de liichtkräftege bloe Verännerlechen. Fir d'Erklärung vun der maximaler Liichtkraaftgrenz goufe follgend Hypotheesen opgestallt:

Bei der Simulatioun vu masseräiche Stäre gouf drop higewisen, datt ongeféier an der Humphreys-Davidson-Grenz d'Atmosphär vun dëse Stären instabil géint Pulsatioune gëtt. D'Wuesstemsquot vun de Schwéngunge klëmmt honnertmol méi séier, wéi de Stär säin hydrostatescht Gläichgewiicht nees hierstelle kann an de staarke Stärewand an der Humphrey-Davidson-Grenz kënnt doduerch eng Folleg vun enger Pulsatiounsinstabilitéit sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie