IC 4593

Vu Wikipedia
Date vum IC 4593 (Planetareschen Niwwel)
Foto opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Hercules (Her)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 16h 11m 44.5s
Deklinatioun + 12° 04' 19"
Ausgesinn
Niwweltyp Planetareschen Niwwel
Visuell Magnitude (visuell)
Wénkelduerchmiesser 17"
gehéiert zu
Distanz 12.000 Lj
Entdecker
Katalogbezeechnungen
IRAS 16093+1211, IC 4593, PK 025+40 1, IAU G025.3+40.8

Den IC 4593 ass e Planetareschen Niwwel am Stärebild Hercules. Den hellen Zentrum vum IC 4593 huet eng Wénkelausdeenung vu ronn 17", woubäi de Planetareschen Niwwel nach vun engem méi liichtschwaachen, mat 120" awer däitlech méi groussen Halo ëmginn ass. Am IC 4593 liicht ee mat 40.000 K gliddege Wäissen Zwerg, dee mat 0,7 Sonnemassen eng duerchschnëttlech Gréisst huet. Dee ioniséiert duerch seng staark UV-Stralung d'Gaswolleken a reegt si zum Liichten un, woubäi dat typescht türkist Liicht vum duebel ioniséierte Sauerstoff [O III] an dësem Liicht dominéiert. Den IC 4593 ass ongeféier 3,7 kpc (ca. 12.000 Liichtjoer) vun eis ewech.

Visuell Observatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den IC 4593 ass e schwaache planetareschen Niwwel a läit am "Niemandsland" tëscht Hercules, Ophiuchus a Serpens an ass net ganz liicht ze fannen. Am beschten, et beweegt een den Teleskop graff an déi richteg Richtung an et orientéiert ee sech um opfällegen, 7,65 mag hellen Duebelstär GSC 0953-0844. Den IC 4593 ass 11' 10" dovun an nordwestlecher Richtung. Bei 100-facher Vergréisserung a mëttelgroussem Teleskop ëm 10" Ëffnung wierkt den IC 4593 éischter wéi en niwwelege Stärchen. Eréischt bei 260-facher Vergréisserung an indirektem Hikucken erkennt ee mat e bëssi Méi de schwaach liichtende Gasniwwel ëm een türkisfaarwegen Zentralstär.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Planetaresch Niwwel - IC 4593