Jamie Blond

Vu Wikipedia
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jamie Blond
Ass en(g) Comicserie
Produktiounsland Lëtzebuerg

Jamie Blond, de Spioun vun der Kroun ass eng Lëtzebuerger Comicserie mam Protagonist mam selwechten Numm, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vun der Pascale Velleine gezeechent gouf.

Den Jamie Blond ass e ganz besonnesche Geheimagent, eng "Zort Mëschung tëscht James Bond, OSS 117 a Max la Menace, op eng Lëtzebuerger Manéier", seet de Lucien Czuga[1].

Fir seng éischt Aventure fänkt de lëtzebuergesche Geheimagent am Grand-Duché un, muss awer séier op Jerusalem, wou hien d'Groussherzoglech Koppel schützen muss an an den israeelesch-palestinensesche Konflikt geréit. "Dem Jamie seng Haaptbeschäftegung ass fir mat all Fra ze schlofen déi hie begéint. Et geléngt him am Allgemenge seng Missiounen z'erfëllen, awer net wéinst senger Intelligenz. Hien ass zimmlech onbehollef."[1]

De Comic gouf fir d'éischt als Serie an der Revue verëffentlecht a koum duerno als zwee komplett Albumen eraus.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Un nouveau héros élevé à la sauce luxembourgeoise op lessentiel.lu den 18. Mee 2015, gekuckt den 30. Dezember 2019