Jean Künsch
Ausgesinn
Jean Künsch | |
---|---|
Gebuer | 25. August 1943 |
Aktivitéit | Sculpteur |
De Jean Künsch, gebuer de 25. August 1943 an der Stad Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche Sculpteur.
Hie mécht haaptsächlech Skulpturen aus Stolschrott deen hien zesummeschweesst.
Säin éischte Léiermeeschter war de Lucien Wercollier. Spéider huet de Jean Künsch u Coursen iwwer Metallverformen op der Europäescher Konschtakedemie zu Tréier deelgeholl.
De Jean Künsch lieft zu Leideleng wou en och säin Atelier huet.
Ausstellungen
[änneren | Quelltext änneren]Zanter uganks 2000 stellt hien a reegelméissegen Ofstänn zu Lëtzebuerg an am Ausland aus:
- 2001 Salon d'arts des finances zu Antwerpen,
- 2003 Galerie Schortgen an der Stad Lëtzebuerg,
- 2004 Salon d'arts des finances zu Léck,
- 2004 Internationale Ausstellung “Künstler der Region” zu Losheim,
- 2004 Kollektivausstellung an der Schauwebuerg zu Bartreng,
- 2005 Galerie Spiren zu Stroossen,
- 2006 Galerie Maggy Stein am Beetebuerger Schlass,
- 2007 Luxport Mäertert,
- 2007 Gemeng Hesper,
- 2008 International Ausstellung zu Schreckling,
- 2010 Salon international de peinture et sculpture zu Däitsch-Oth,
- 2012 Galerie d'Art Contemporain "Am Tunnel" B.C.E.E. Luxembourg (exposition collective)
- 2013 Salon des Antiquités et de l'Art Contemporain à Saintes (Poitou-Charentes) France
- 2015 Galerie « Op der Kap »
Präisser
[änneren | Quelltext änneren]- 2001 krut de Jean Künsch e Präis fir seng Skulptur “le moineau” zu Antwerpen,
- 2004 1. Präis an der Kategorie “Skulpturen” zu Losheim,
- 2010 2. Präis an der Kategorie “Skulpturen” zu Däitsch-Oth,
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Revue Nr. 13 vum 26. Mäerz 2014, S. 22-23: Von wegen Schrott