Jean Schortgen
Jean Schortgen | |
---|---|
Gebuer |
17. Februar 1880 Téiteng |
Gestuerwen |
1. Mee 1918 Téiteng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Gewerkschaftler, Biergaarbechter |
De Jean Schortgen, gebuer de 17. Februar 1880 zu Téiteng an do den 1. Mee 1918 bei engem Accident[1] an der Minière "Brommeschbierg" gestuerwen,[2] war e lëtzebuergesche Biergaarbechter, Gewerkschaftler a Politiker.
Den 1. Aarbechter an der Chamber
[änneren | Quelltext änneren]De Schortgen ass ganz fréi zu der Sozialdemokratescher Partei gestouss. Spéitstens am Juni 1902 gouf et zu Téiteng eng sozialdemokratesch Sektioun, an de Schortgen war Member dovun.[3] Vun 1904 bis 1912 war de Schortgen Member vun der Parteileedung. An der Gewerkschaftbeweegung huet hien allerdéngs keng Roll gespillt.[4] No de Wale vum Juni 1914 war hien deen éischten Aarbechter, deen an d'Chamber gewielt gouf. Bei de Chamberwale vum 23. Dezember 1915 gouf hien erëmgewielt.[5]
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]D'Schortgen-Monument um Téitenger Kierfecht
[änneren | Quelltext änneren]Een Dag nom zweeten Doudesdag gouf um Téitenger Kierfecht e Monument fir de Jean Schortgen ageweit, dat vum Sculpteur Duilio Donzelli geschafe gouf.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Jean-Schortgen-Monument um Téitenger Kierfecht.
Schortgen-Stroossen
[änneren | Quelltext änneren]An e puer Uertschaften aus dem Bezierk Süde gouf eng Strooss nom Schortgen genannt:
- rue Schortgen: Diddeleng (L-3564);
- rue Jean Schortgen: Béiweng (L-3323), Esch-Uelzecht (L-4318), Téiteng (L-3787).
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Eng spéit Éierung krut de Jang Schortgen 2009, wéi de Festsall am Centre culturel "Schungfabrik" zu Téiteng (um 1. Stack) a "Salle Jean Schortgen" ëmgedeeft gouf. Bei där Geleeënheet hat de Lëtzebuerger Kënschtler Guy Hary en Airbrush-Bild mam Schortgen gesprayt.
Fir de 75. Anniversaire vum Schortge sengem Doud huet d'Lëtzebuerger Post 1983 en Timber erausbruecht, op deem de Mineur vum Schortgen-Monument ze gesinn ass.[6]
Fir den 100. Doudesdag koum de 15. Mee 2018 e weideren Timber vun 0,70 € eraus.[7]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Charles Meder, Marc Angel, Schortgen, En Eisefrësser an der Chamber, 2022, Graphic Novel, éditions guy binsfeld, ISBN 978-2-9199565-6-2
- B. Fayot: Jean Schortgen (1880-1918). In: Galerie, 27(2009), Nr. 2: 243-259.
- B. Fayot, S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil: 100 Joer sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Edition La Mémoire Socialiste, Luxembourg 1997, 171 S. (Jean Schortgen, S. 120-122).
- J. Kauffmann: Erënnert Iech: Jhang Schortgen, 1880-1918. Gedenkschrift zum 75. Todestage des 1. Arbeiter-Deputierten. Impr. Polyprint, Esch-sur-Alzette 1993, 95 S.
- OGB-L: Festbroschüre zum 100. Geburtstag des 1. Arbeiterdeputierten Jean Schortgen 1880-1918: Tetingen, September 1980. Hrsg. von den Tetinger Sektionen des OGB-L, der LSAP und der Femmes socialistes. Tétange: OGB-L, 1980, Esch-sur-Alzette, Impr. Coopérative Luxembourgeoise, 112 S.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jean Schortgen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Ausféierlech Biographie op der Websäit vun De Kayldall
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Escher Tageblatt, Nr. 122, 2. Mai 1918, S. 1 (Kolonn 1: Joh. Schortgen † a Kolonn 5: Lokalneuigkeiten: Tetingen — Tödlicher Unfall.) [1]
- ↑ Kauffmann 1993, S. 17. Kuckt och: J. Lunkes: Die Geschichte der Tetinger Minette. In: Tetingen. Rote Erde, rundes Leder. Sport-Club Tétange, Editpress, Esch-sur-Alzette 1989, S. 267f.
- ↑ Fayot et al. 1997, S. 121.
- ↑ Fayot 2009, S. 245.
- ↑ Kammerwahlen vom 23. Dezember 1915. In: Escher Tageblatt, Nr. 302, 24. Dezember 1915, S. 3.
Fayot 2009, S. 247. - ↑ Zu seinem 75. Todestag: Eine Briefmarke erinnert an Jean Schortgen. Tageblatt, Nr. 216, 22. September 1993, S. 18.
J. Frising & A. Link: 150 Joer Käppercher, Bd. 2: Luxemburger Briefmarken 1966-2002. Éditions St-Paul, Luxemburg 2002, S. 120. - ↑ Neuheiten in der Maximaphilie aus Luxemburg am Luxemburger Wort vum 2. Juli 2018, S. 51