Jean Baptiste Joseph Delambre
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Jean-Baptiste Joseph Delambre)
De Jean-Baptiste Joseph Delambre gebuer den 19. September 1749 zu Amiens a gestuerwen den 19. August 1822 zu Paräis war e franzéiseschen Astronom.
Zesumme mat dem Pierre Méchain huet den Delambre an de Joren 1792 an 1798 d'Distanz tëschent Dunkerque a Barcelona vermooss. D'Resultat huet als Basis fir d'Definitioun vum Meter gedéngt. Den Delambre hat de nërdlechen Deel vun der Miessung iwwerholl (kuckt Gradmiessung).
Hien ass mat sengem Numm um Eiffeltuerm zu Paräis veréiwegt, kuckt och: 72 Nimm um Eiffeltuerm.
Literatur [änneren]
- Ken Alder: Das Maß der Welt. Die Suche nach dem Urmeter. München 2003