Justus von Liebig

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Justus Liebig 1821

De Barong (Freiherr) Justus von Liebig, gebuer den 12. Mee 1803 als Justus Liebig zu Darmstadt a gestuerwen den 18. Abrëll 1873 zu München, war en däitsche Chemiker. Hien huet grouss Entdeckungen an der organescher Chimie an an der Landwirtschaft gemaach.

De Justus Liebig huet zu Bonn, an duerno zu Erlangen, beim Karl Wilhelm Gottlob Kastner studéiert. 1822 krut e säin Doktorat, an eng Bourse, fir op Paräis weiderstudéieren ze goen. Do huet hie beim Louis Joseph Gay-Lussac geschafft. 1824 gouf hie Professer op der Universitéit vu Gießen. 1834 huet hien d'Melamin synthtetiséiert. Hie war deen éischte Professer, deen e Laboratoire, sou wéi mer en haut kennen, ageriicht hat.

Vun 1852 bis 1873 war de Liebig Professer op der Universitéit vu München. 1845 gouf e geadelt.

Hien huet sech haaptsächlech fir d'organesch Chimie intresséiert, an huet erausfonnt, datt d'Planze sech virun allem vum Stéckstoff ernieren, an huet de Stéckstoff-Dünger entwéckelt.

1865 huet hien d'Mark Liebig deposéiere gelooss, fir Bouillon-Zoppecuben ze kommerzialiséieren, nodeem e mam Friedrich von Clossen e Procedé entwéckelt hat, fir Fleeschextrakt ze produzéieren.

1867 huet hien déi éischt Konschtmëllech fir Puppelcher entwéckelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Justus von Liebig – Biller, Videoen oder Audiodateien