Donatuskapell um Märjendaller Haff
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Kapell virun der Restoratioun (2005) | ||||
Uertschaft / Plaz | Märjendaller Haff | |||
Par | Äischdall-Helpert Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Donatus | |||
Konsekratioun | 1817 | |||
Baujoer | 1816 | |||
Koordinaten | 49° 42’ 23.8’’ N 06° 04’ 16.6’’ O | |||
D'Kapell vu Weste gesinn (2013) | ||||
Kierchen - Kapellen |
D'Donatuskapell um Märjendaller Haff ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Helperknapp gehéiert.
De Patréiner ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.
Déi kleng Privatkapell steet beim Märjendaller Haff, tëscht Keespelt an dem Mariendall säitlech op enger klenger Strooss tëscht den zwou Uertschaften.
Zur fréierer Par Keespelt huet ausser der Kapell um Märjendaller Haff och nach d'Parkierch vu Keespelt gehéiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Kapell gouf am Joer 1816 vum Nicolas Franck baue gelooss, wéi op enger klenger Plack op der viischter Fassad ze gesinn ass (1816 N.F.). De Nicolas Franck war den 12. Mäerz 1775 um Märjendaller Haff gebuer ginn an ass de 6. Juni 1841 och do gestuerwen. 1817 gouf d'Kapell geweit.
Der Geschicht no hätt de Proprietär vum Haff d'Kapell zu Éiere vum hellegen Donatus baue gelooss, well duerch e schlëmmt Wieder déi ganz Recolte vum Haff zerstéiert gouf an en duerch de Bau weidere Schued vermeide wollt.
Zur Zäit vum Bau hunn d'Schwësteren aus dem Märjendaller Klouschter sech zeréckgezunn, wollten awer eng wäertvoll Statu aus der zweeter Hallschent vum 14. Joerhonnert an der Kapell versuergen. Déi zirka 80 cm grouss Statu, déi eng Muttergottes duergestallt huet déi niert (Mater lactans), stoung ursprénglech an der Mëtt vum Altor. Se stoung 1976 am Inventar an och 2005, wéi d'Kapell vum fréiere Besëtzer, der Famill Jacques Girtgen-Yutzet un den haitege Proprietär, d'Famill Marcel Barthels-Lacour verkaaft gouf, stoung se nach am Inventar, war awer an der Kapell net méi ze fannen. Verschwonne waren och 4 hëlzen Engelsfiguren, déi fréier am Altorraum fixéiert waren.
De 15. Juni 2007 gouf d'Kapell op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument klasséiert[1]. Den 31. Mee 2010 gouf se vum Äerzbëschof Fernand Franck geseent.
Architektur
[änneren | Quelltext änneren]D'Kapell ass a Sallform mat 3/8 Chouerofschloss. Iwwer der Dier ass e Relief, deen den Hl. Niklos duerstellt.
Restauratioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Kapell gouf tëscht 2005 an 2007 komplett renovéiert. Den Daach an den Daachreider goufen erneiert, d'Mauere kruten en neien Ustrach. Et goufen och eng Beliichtung, eng elektresch Heizung a Lautsprecher installéiert. Déi nei Fënstere goufen 2006 no Entwërf vum Här Barthels vum Atelier Bernard Bauer vu Munneref installéiert.
Well deen ale barocken Altor morsch war, gouf en duerch en Altor ersat, deen aus engem Jaumont-Lacour Steeblock[2] Steeblock sculptéiert gouf. D'Réckwand vum Altor an den Tabernakel goufen nei opgebaut.
Déi véier Kierchebänke goufe vum Här Barthels selwer restauréiert. Aus der Kathedral an aus der Kierch vu Capellen koume weider Bietstill dobäi.
Den Dafsteen gouf nei installéiert.
Banneraum
[änneren | Quelltext änneren]Den Altor
[änneren | Quelltext änneren]D'Kapell hat fréier en einfache Barockaltor aus Holz, haut e stengenen Altor mat Holzopbau.
Statuen
[änneren | Quelltext änneren]Am Altorraum sti fënnef original Statuen aus Steen:
- Statu vum hellegen Donatus
- Eng fir eis Géigend seele Statu vum hl. Péitrus vu Mailand (och Péitrus vu Verona genannt)
- Statu vum hl. Bernhard
- Statu vum hl. Mathias
- Statu vun der hl. Katharina
Als Geschenk vun de Karmeliterinne vu Capellen koumen zwou hëlze Statuen dobäi:
- Statu vun der Muttergottes mam Kand op der Moundséchel
- Statu vum hellege Jousef
Tableau
[änneren | Quelltext änneren]- E gréisseren Tableau mat enger Kräizegungsgrupp gouf vum Här Barthels no enger Virlag selwer gemoolt.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
De Banneraum vun der Kapell
-
De Banneraum vun der Kapell
-
D'Statu vum hellegen Donatus am Chouer
-
D'Fënster op der rietser Säitewand
-
De Kraidergaart hannert der Kapell
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Helperknapp
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Donatuskapell um Märjendaller Haff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit iwwer d'Kierchen am Parverband Sankt Willirbord Helpert
- Kapelle vom Marienthalerhof erstrahlt in neuem Glanz op mywort.lu vum 26. Mee 2010
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ Lacour ass déi hell Couche (Bänk) vum Jaumontsteen déi e bësselche méi haart ass wéi déi méi giel