Laura Bassi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Laura Bassi, gebuer den 31. Oktober 1711 zu Bologna a gestuerwen och do den 21. November 1778, war eng italienenesch Philologin, an déi éischt Universitéitsprofessesch an Europa.
D'Laura Bassi krut Unterrecht vun hirem Papp, engem Jurist, an anere Bekannten.
1732 krut si den Doktortitel an der Philosophie, a gouf als éischt Fra an Europa zur Professesch fir Philosophie op der Universitéit Bologna ernannt. Si konnt Latäin, Griichesch a Franséisch, an huet Physik a Mathematik enseignéiert. Si war et, déi dem Isaac Newton seng Erkenntnesser an Italien bekannt gemaach huet.
Si war och Mamm vun op d'mannst 6 Kanner.
Literatur[änneren]
- Beate Ceranski: „Und sie fürchtet sich vor niemandem“ : die Physikerin Laura Bassi (1711 - 1778). Campus-Verlag, Frankfurt (Main) 1996.