Op den Inhalt sprangen

Leo VIII. (Poopst)

Vu Wikipedia
Leo VIII.
Gebuer 915 jul.
Roum
Gestuerwen Mäerz 965 jul.
Roum
Doudesursaach Hiereschlag
Aktivitéit Kathoulesche Priister, Schrëftsteller

De Leo VIII., gestuerwen den 1. Mäerz 965 zu Roum, war vum 4. Dezember 963 bis zu sengem Doud[1], Poopst vun der Kathoulescher Kierch. Säi Poopstnumm bedeit: de Léiw (Latäin.)

Säi Virgänger, de Johannes XII., gouf duerch den däitsche Keeser Otto I. no enger Uklo wéinst Onwierdegkeet ofgesat. Doropshi gouf de Leo VIII. de 4. Dezember 963 zum Poopst geweit.

De Protonotaris Leo gëllt als eng wierdeg Persoun, war awer zum Zäitpunkt vu senger Ernennung zum Poopst Laien. Géint de Kanon ass hie vum Bëschof vun Ostia an engem Dag hannereneen zum Ostiarius, Lekter, Exorzist, Akolyth, Subdiakon, Diakon, Paschtouer an dunn zum Bëschof vu Roum geweit ginn. Domat hat hien de Ruff als Marionett vum Keeser.

De Johannes XII. wollt dat awer net einfach sou hinhuelen an huet nëmmen drop gewaart, datt de Keeser sech nees zeréck op de Wee no Däitschland sollt maachen. Well wéi hie sech aus dem Stëbs gemaach hat, hat en nach séier de Kiercheschatz matgoe gelooss, soudatt et him elo net sollt schwéier falen eng Arméi op d'Been ze setze mat där en de Leo VIII. aus Roum verjot huet. Do huet hien dann eng Synod zesummegeruff, déi de Leo VIII. sollt ofsetzen an de Johannes XII. nees zeréck op den Troun sollt bréngen. A sou ass et dunn och gaangen. Fir et net ze komplizéiert ze maachen hunn d'Bëscheef elo géint de Leo VIII. déi nämmlecht Uklo benotzt wéi e puer Woche virdru géint de Johannes XII. Dee konnt awer net laang vu sengem Triumph profitéieren, well hie goung schonn de 14. Mee 964, nëmmen e puer Deeg no senger Wal, an eng besser Welt.

Ouni sech weider ëm de Leo VIII. ze këmmeren, dee beim Keeser Otto Schutz gesicht hat, hunn d'Réimer de Benedikt V. (964 - 965) zum neie Bëschof vu Roum gewielt. Den Otto, deen an dëser Poopstwal e Broch vum Treieed gesinn huet, ass mat senger grousser Arméi alt nees géint Roum gezunn an de Benedikt V. gouf ofgesat. A seng Plaz koum erëm de Poopst Leo VIII., awer och net méi fir laang, well hie scho kuerz drop, am Mäerz 965 gestuerwen ass.

Commons: Leo VIII – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger Nofollger
1. Johannes XII.

2. Benedikt V.

Lëscht vun de kathoulesche Peepst 1. Benedikt V.

2. Johannes XIII.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. oder, deemno wéi een et hëlt, mat Ënnerbriechung