Lewis Boss

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Lewis Boss, gebuer de 26. Oktober 1846 zu Providence, Rhode Island, a gestuerwen de 5. Oktober 1912 zu Albany am Bundesstaat New York, war en US-amerikaneschen Astronom. Säi Jong, de Benjamin Boss, war och Astronom.

1876 gouf de Lewis Direkter vum Dudley Observatory zu Schenectady, New York. Am Joer 1882 huet hien eng Expeditioun an de Chile ënnerholl, fir e Venustransit z'observéieren.

Hien ass bekannt duerch seng Katalogiséierung vu Positiounen an Eegebewegunge vu Stären. 1910 publizéiert hien de Preliminary General Catalogue of 6188 Stars for the Epoch 1900, eng Kompilatioun vu Stären-Eegebewegungen. Dee Katalog gouf no sengem Doud weidergefouert.

Seng bedeitendst Entdeckung war d'Berechnung vum Konvergenzpunkt vum Stärekoup Hyaden.

De Boss gouf 1905 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.