Liliane Thorn-Petit

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Liliane Thorn-Petit
Gebuer 24. Januar 1933
Diddeleng
Gestuerwen 8. August 2008
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Publizist
Famill
Bestuet mat Gaston Thorn

D'Liliane Thorn-Petit, gebuer de 24. Januar 1933 zu Diddeleng a gestuerwen den 8. August 2008, war eng lëtzebuergesch Journalistin a Publizistin.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Si war eng engagéiert frankophil Intellektuell, déi sech besonnesch fir Kultur a Konscht intresséiert huet.

Hir berufflech Karriär huet si bei der internationaler Noriichtenagence "Associated Press" (AP) ugefaangen. Zu Lëtzebuerg war si fir den RTL Radio an Televisioun aktiv, an huet am Répu geschriwwen. Hir Sendungen «Portraits d'artistes», «Au fil des jours» an «Impressioune vun dobaussen» si bis haut onvergiess. Bis zulescht huet si reegelméisseg hir Rubrik am Jeudi publizéiert.

Si war mam fréiere lëtzebuergesche Premier Gaston Thorn (1928-2007) bestuet, a war Matgrënnerin vum Conseil national des femmes du Luxembourg a vun de Femmes libérales.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Thorn-Petit, Liliane, 1992. Portraits d'artistes. (Préface de Jacques Rigaud. 205 p. Ed. Serpenoise, Metz.
  • Thorn-Petit, Liliane, 1987. Portraits d'artistes. (Préface de René Huyghe. 220 p. RTL Édition, Paris ; Luxembourg
  • Thorn-Petit, Liliane, 1975. La galerie Kutter. In: Connaissance des arts. Supplément Benelux, n° 24: XII- XIII. Bruxelles.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (sjp.), Liliane Thorn-Petit + ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 9. August 2008.

Gielercher[1][änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biographie vun der Liliane Thorn-Petit op www.agefi.lu