Ludwig (Film)
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Frankräich Italien Däitschland |
Produktiounsjoer | 1972 |
Première | 18. Januar 1973 |
Dauer | 184 min |
Faarf | Faarweg |
Technicolor | |
Format | 2,35:1 - |
Filmformat |
35 mm Panavision |
Originalsprooch |
Franséisch Italieenesch Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Luchino Visconti |
Dréibuch |
Luchino Visconti Enrico Medioli Suso Cecchi D'Amico |
Fotografie | Armando Nannuzzi |
Musek |
Jacques Offenbach Robert Schumann Richard Wagner |
Schnëtt | Ruggiero Mastroianni |
Costumedesign | Piero Tosi |
Produzent |
Dieter Geissler Ugo Santalucia Cinetel Paris Divina Film München Mega Film Romana |
Schauspiller | |
Helmut Berger als Ludwig II vu Bayern Trevor Howard als Richard Wagner Silvana Mangano als Cosima von Bülow Romy Schneider als Elisabeth vun Éisträich-Ungarn Gert Fröbe als Pater Hoffmann Helmut Griem als Grof Dürckheim Umberto Orsini als Grof vun Holnstein John Moulder-Brown als Prënz Otto Sonia Petrovna als Prinzessin Sophie Folker Bohnet als Josef Kainz Heinz Moog als Professer Gudden Adriana Asti als Lila Von Buliowski Marc Porel als Richard Hornig Nora Ricci als Ida Ferenczy Alexander Allerson Kurt Großkurth | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ludwig ass e franséisch-italieenesch-däitsche Film vum italieenesche Filmregisseur Luchino Visconti aus dem Joer 1972.
Ëm wat geet et am Film
[änneren | Quelltext änneren]De Film erzielt d'Liewe vum Ludwig II. vu Bayern.
Iwwer de Film
[änneren | Quelltext änneren]De Luchino Visconti huet a sengem Film bei näischt gespuert, sief et d'Dekoren oder d'Kostümer, de Ludwig ass e schéinen a luxuréise Film ginn.
Och geet hien op dem Ludwig seng Homosexualitéit an, déi am Film vum Helmut Käutner iwwer de Ludwig komplett iwwergaange gëtt. Dem Ludwig seng Relatioune mat dem Richard Wagner huelen e groussen Deel vum Film an.
Triviales
[änneren | Quelltext änneren]D'Romy Schneider spillt am Ludwig erëm eng Kéier d'Roll vun der Keeserin Elisabeth vun Éisträich, déi si schonn an den dräi Sissi-Filmer gespillt hat.
Wéi de Film am Kino erauskoum ass, war en op 180 Minutte gekierzt ginn. Spéider op der Televisioun an op DVD koum dann déi komplett Versioun vun 235 Minutten eraus.