Lycée Michel-Lucius

Vu Wikipedia
Lycée Michel-Lucius
De Lycée Michel Lucius um Lampertsbierg (2022)
Lycée Michel Lucius (LML)
Typ Primärschoul, Secondairesschoul, ëffentlech Schoul, international Schoul
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Adress 157 avenue Pasteur L-2311 Lëtzebuerg, 1 avenue Sax L-2515 Lëtzebuerg
Leedung Pascale Petry
Schülerzuel 1.760
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 27. Mee 1966
Genannt no Michel Lucius
Um Spaweck http://www.ltml.lu

De Lycée Michel-Lucius (Kuerzform: LML), déi fréier Mëttelschoul, ass eng ëffentlech Primär– a Secondairesschoul um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg. D'Haaptgebai ass an der Avenue Pasteur an d'International Schoul an der Avenue Joseph Sax.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Op Basis vum Gesetz vum 16. August 1965 iwwer d'Schafe vum "Enseignement moyen"[1], gouf duerch e groussherzoglecht Reglement vum 27. Mee 1966 de Collège d'enseignement moyen de Luxembourg (CEML) an der Stad Lëtzebuerg an d'Liewe geruff[2].

Am September 1966 ginn déi éischt Klasse fir 366 Schüler an de Gebaier vun der deemoleger Europaschoul a vun der Beruffsschoul (Centre d'enseignement professionnel) um Lampertsbierg op.

Am Januar 1967 plënnert den CEML an eege Pavillonen an der Avenue Joseph Sax um Lampertsbierg.

1969 gëtt den ieweschten Zyklus (zwee Schouljoer) an dräi Sektioune gedeelt:

  • Administrativ a kommerziell Sektioun
  • Technesch an industriell Sektioun
  • Biologesch a sozial Sektioun

Vun 1973 bis 1977 ginn déi nei Gebaier vum aktuelle Site an der Enceinte vum ale Seminaire an der Avenue Pasteur um Lampertsbierg gebaut. Vun 1977 u sinn all Schüler um selwechte Site zesummen.

1979 kënnt en neit Gesetz iwwer d'Organisatioun vun der Beruffsausbildung an den technesche Secondairesschoulen[3]. Doduerch gëtt d'Mëttelschoul (enseignement moyen) ofgeschaaft. Duerch groussherzoglecht Reglement vum 9. Oktober 1979 gouf d'Schoul e Lycée technique a krut den Numm « Lycée technique Michel Lucius », genannt nom Lëtzebuerger Geolog a Schoulmeeschter Michel Lucius.

Am Joer 1984 packen déi éischt Schüler de Premièresexame vum deemolegen Enseignement secondaire technique deen déi nei Formatioun vu siwe Joer ofschléisst.

1986 packen di lescht Schüler den Ofschlossexame vum alen Enseignement moyen.

De 24. November 2014 gouf a Presenz vun de Ministere François Bausch a Claude Meisch en neie Schoulfligel ageweit. Gläichzäiteg zum Bau war och en Deel vum ale Gebai renovéiert ginn[4].

Op Grond vum Gesetz vum 23. Dezember 2016 krut de Lycée d'Méiglechkeet och international anglophon Klassen unzebidden, an dat am Secondaire grad ewéi am Fondamental. Mam selwechte Gesetz kënnt och den « technique » am Numm vun der Schoul ewech, an d'Schoul heescht vun elo un « Lycée Michel Lucius »[5]. En éischte Gesetzprojet am Juli 2013 fir den Numm vun der Schoul z'ännere war sengerzäit vum Staatsrot verworf ginn.

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Formatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger Secondaire[änneren | Quelltext änneren]

Den LML bitt Unterrecht am Secondaire Classique, General an am Professionnel un[6].

International English classes[änneren | Quelltext änneren]

Op der Basis vum Gesetz vun 2016[5] besteet bannent dem LML eng international Schoul, d'« International School Michel Lucius » mat internationalen, anglophone Klassen (International English classes (IEM)) am Primär grad wéi am Secondaire.

Fanfare[änneren | Quelltext änneren]

De Lycée ass bekannt fir seng Fanfare, déi am Joer 1981 gegrënnt gouf. 2003 huet d'Fanfare den éischte Präis beim "Young 2003 Prague Festival" gewonnen. Am Joer drop war s'op der zweeter Plaz.

Nodeem de fréieren Dirigent an Direkter, de Jean-Marie Gieres a Pensioun goung, gouf d'Fanfare am Joer 2010-2011 ëmstrukturéiert: Den LML bedeelegt sech och elo um "Lampertsbierger Schülerorchester" (LSO), soudatt d'Traditioun vun engem Schoulorchester am LML weidergoe kann. De Lampertsbierger Schülerorchester existéiert zanter 2008 an erméiglecht et alle Schüler aus de staatleche Lampertsbierger Lycéeën, zesummen an engem Orchester ze spillen. Deen Orchester gouf 2006 vun der Museksprofessesch Danièle Diederich am LTAM zesumme mat enger Rei engagéierte Schüler gegrënnt an zanter 2008 participéieren och den LGL an den LRSL.

Well den LML eng laang Traditioun an Erfarung an der Gerance vun engem Orchester huet an d'Traditioun vun der Lucius-Fanfare weiderliewe soll, gouf d'Verwaltung vum LSO vum Schouljoer 2010-2011 un, och an den LML verluecht. Den Orchester prouft och zanterhier an e puer Proufphasen am Lycée Michel-Lucius.

Den LSO probéiert méiglechst ouni Aushëllef auszekommen an gëtt vun engem Team vu Professeren an enger Educatrice graduée aus dem Service Educatif vum LML organiséiert.

D'Traditioun vum Plëss d'Arem-Concert vun der Lucius-Fanfare gouf 2010 erëm opgeholl, an am Juli 2011 goung den Orchester och op eng kuerz Orchestertournée an Däitschland.

Den LSO huet 2011 en éischte Galaconcert opgefouert an den 19. Mee 2017 hu se hire 5-järege Concertsjubiläum am Stater Conservatoire gefeiert.

Orchestertournéeën[änneren | Quelltext änneren]

  • 2016-2017: Köln an Europapark

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lycée Michel-Lucius – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 16 août 1965 portant création de l'enseignement moyen. legilux.lu (16.08.1965). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  2. Règlement grand-ducal du 27 mai 1966 portant création d'un Collège d'enseignement moyen à Luxembourg. legilux.lu (27.05.1966). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  3. Loi du 21 mai 1979 portant 1. organisation de la formation professionnelle et de l'enseignement secondaire technique 2. organisation de la formation professionnelle continue.. legilux.lu (21.05.1979). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  4. Cheryl Cadamuro: Offen nach außen und nach innen am Luxemburger Wort vum 26. November 2014, S.28
  5. 5,0 5,1 Loi du 23 décembre 2016 concernant l'extension de l'offre scolaire du Lycée technique Michel Lucius et modifiant sa dénomination. legilux.lu (23.12.2016). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  6. Horaires et programmes. portal.education.lu. Gekuckt de(n) 29.09.2022.