De Veräi gouf 1878 gegrënnt. Se hunn 18-mol den englesche Foussballchampionnat gewonnen, fir d'lescht 2013. Den FA Cup hu se 12-mol mat heem geholl, fir d'lescht am Joer 2016. Op internationalem Plang hu se 1968, 1999 an 2008 den Europapokal vun de Landesmeeschter, respektiv d'UEFA Champions League gewonnen, an 1991 den Europapokal vun de Pokalgewënner.