Marc Olinger

Vu Wikipedia
Marc Olinger
Gebuer 6. Januar 1946
Lëtzebuerg
Gestuerwen 8. Januar 2015
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Regisseur, Filmregisseur, Schauspiller

De Marc Olinger, gebuer de 6. Januar 1946 zu Lëtzebuerg a gestuerwen den 8. Januar 2015 zu Lyon[1],[2],[3], war e lëtzebuergesche Film- an Theaterschauspiller a Regisseur.

De Marc Olinger war viru senger Schauspiller- a Regisseurscarrière 15 Joer laang Lycéesprofesser. Hien ass 1972 ee vun de Matgrënner vum TOL gewiescht a war bis 1985 Direkter dovun.

De Marc Olinger war Direkter vum Kapuzinertheater bis 2010[1]. Hien huet och mam Fernand Fox an enger Rei vu Filmspote fir eng lëtzebuergesch Assurance matgespillt a war eng Zäitche Presentateur an der Kichesendung op RTL Hei-Elei.

Hie war mat der Claudine Pelletier bestuet.

Filmer (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Reklammsfilmer fir eng Assurance[änneren | Quelltext änneren]

Zesumme mam Fernand Fox huet de Marc Olinger d'"Haaptrollen" an enger Serie vu Reklammsfilmer fir eng Assurance. Dës Kuerzfilmer si meeschtens Parodien op Blockbuster-Filmer. Nom Ben Hur, Indiana Jones an dem Dances with Wolwes

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Marc Olinger, Doud vun enger Lëtzebuerger Theaterlegend." rtl.lu, Leschten Update: 08.01.2015, 22:04:17
  2. Marc Olinger ist tot. Luxemburger Wort vum 9. Januar 2015, S. 19.
  3. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 13. Januar 2015, S. 63.