Mathias Schou

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mathias Schou
Gebuer 30. Mäerz 1747
Gréiwemaacher
Gestuerwen 17. Oktober 1824
Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker, Violonist
Strooss nom Blannen Theis genannt
Skulptur vum Blannen Theis ënnert dem Bam virun der Kierch.

De Mathias Schou, gebuer den 30. Mäerz 1747 zu Gréiwemaacher, gestuerwen de 17. Oktober 1824 zu Eech, war e Museker a Spillmann - haut géif ee wuel Entertainer soen -, deen als de Blannen Theis[1] am ganze Land bekannt war.

Iwwer säi Liewen ass wéineg bekannt. Hie schéngt awer vu Gebuert aus blann gewiescht oder op d'mannst ganz schlecht gesinn ze hunn[2]. Mat senger Fra Barbe a mat sengem Hond si si uechter d'Land gezunn an hu Vollekslidder virgedroen. De Blannen Theis huet d'Gei gespillt a gesongen, seng Fra huet dobäi gedanzt.

Hien ass ee vun deenen éischten am deemolege Lëtzebuerg, dee Vollekslidder systematesch gesammelt huet. Et ass net bekannt, ob hie selwer och Lidder komponéiert huet. Säi Repertoire gëtt engem en Abléck an d'Liewe vun de Baueren an den einfache Leit am 19. Joerhonnert, mat Lidder wéi:

  • De klenge Männchen
  • Den Éim Steffen
  • Et leeft eng Geess iwwert d'Hesprenger Bréck
  • Et war e Meedchen zu Gëtzen
  • Hopp Marjänn
  • Léif Gevuedesch
  • Zu Arel op der Knippchen

Nach en ettlech Joren no sengem Doud sinn Anekdoten a Spréchelcher vun an iwwer hien erzielt ginn. Sou soll hien z. B. nom grousse Brand, 1822 zu Réimech gesot hunn: "Wann dat net géint d'Wandlais ass, da weess der Däiwel, wat besser ass."

Wéi 1991 d'Grand-Rue zu Gréiwemaacher als Foussgängerzon amenagéiert gouf, ass eng Skulptur vum Blannen Theis – déi vum Wil Lofy geschaaft gouf[3] – nieft der Kierch zu Maacher opgestallt ginn. Dat selwecht Joer ass d'Strooss nieft der Muselbréck no him genannt ginn (rue Mathias-Schou).

150 Joer no sengem Doud huet d'Lëtzebuerger Post en Timber zu sengem Gedenken erausbruecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Theis ass en Hypokoristikum vum Virnumm Mathias. Dëse Patronym ass geleefeg am Miselerland, awer och an Däitschland an an der Belsch.
  2. Volker Bingeheimer, Blumenbeete statt Parknischen, Luxemburger Wort, 9. November 2021, S. 22
  3. Ein Blick auf Wil Lofys frühe Werke. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-06-28). Gekuckt de(n) 2021-11-09.