Montagne Saint-Pierre

Vu Wikipedia

D'Montagne Saint-Pierre (nl.: Sint Pietersberg) ass eng Kopp an der Belsch an an Holland, déi tëscht dem Dall vum Geer (am Nordwesten) an dem Dall vun der Meuse (am Südosten) läit. Vu Westen no Oste gesinn fänkt se no bei Léck un a si geet bis op Maastricht. Déi zwou héchst Plaze sinn déi eng bei Houtain-Saint Siméon um Flouer Fond des Vaches (164 m) an déi aner um Flouer Espinette tëscht Lixhe a Bassenge (153 m). Déi zweet genannt ass méi bekannt, well do den Tunnel du Geer, och nach Tunnel vu Wonck genannt, derduerch geet.

Fir Vëlosferventen ass se bekannt duerch den Amstel Gold Race, deen op sengem Parcours e puermol driwwer geet.

Hir Zesummesetzung aus Kallekgestengs mat Silexwaken an hir geographesch Lag maachen aus hir eng besonnesch Plaz.

Bekannt sinn hei:

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Montagne Saint-Pierre gouf duerch déi zwéi Waasserleef Meuse a Geer geformt, déi ee grousse Kallekplateau duerschnidden hunn. Déi westlechst Parti dovun ass bekannt ënner dem Numm Hesbaye (nl.: Haspengouw) an déi ëstlech als Plateau de Herve.

Als geologesch Schichte fanne mer:

An de Kräidoflagerunge si vill fossil Aschlëss vu Séiigelen, Schleekenhaisercher a Belemniten. Bei der Exploitatioun vun de Steekaule ginn dacks grouss Exemplare fonnt.

Hydrographie[änneren | Quelltext änneren]

De Bierg, deen tëscht dem Geer an der Meuse läit, gëtt net wäit vun der hollännescher Grenz tëscht Lanaye a Kanne vum Albertkanal duerschnidden, an dat duerch een Aschnëtt, d'Tranchée de Caster mat enger Längt vun 1.300 Meter an enger Déift vu 65 Meter.

D'Schleis vu Lanaye, déi um Fouss vum Bierg läit, erlaabt de Passage vun de Schëffer an de Kanal vu Lanaye, dee weidergeet an de Juliankanal a bis an de Rhäin.

Am Osten huet d'Begradegung vun der Meuse, déi do fréier d'Grenz gemaach huet, doudeg Äerem gelooss, wou elo Läichplaze fir d'Fësch entstane sinn.

Um lénksen Uwänner vun der Meuse ass déi Al Meuse, eng bekannt Plaz an där Géigend. Si gehéiert territorial zu Holland (well se fréier riets vun der Meuse louch) ass awer am Besëtz vun der Gemeng Visé. Deen Eck ass eng vun den intressantste Plazen an Holland vum ekologesche Standpunkt aus gesinn.

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

Vum botanesche Standpunkt hier ass d'Montagne Saint-Pierre ganz aussergewéinlech.

Um Kallekwues fënnt ee vill Aarten, déi do op hirer nërdlechster Grenz sinn, dovun a ganze Pak Orchideeënzorten. Et ass d'Zesummespill vun der südëstlecher Expositioun mat de Kallekbiedem an dem grousse Flossdall, dat hei ee Mikroklima entstoe léisst wou et méi héich Temperature ginn.

De Kallekwues leeft awer d'Gefor, duerch d'natierlech Entwécklung vun Traisch a Bëscher, déi sech lues a lues installéieren, iwwerdubbert ze ginn.

Dat war fréier duerch d'Weede vun de Schof an d'Sange verhënnert ginn. Hautdesdaags muss déi landwirtschaftlech Exploitatioun duerch e speziellen Entretien ersat ginn. D'Weede vun de Schof gehéiert och nach do dozou awer d'Sange gëtt ënnerlooss, well doduerch aner Planzen an Déiere futti gemaach ginn, wat schiedlech fir d'Biodiversitéit wier.

Industrie[änneren | Quelltext änneren]

Et ass bekannt datt scho Mënschen do an der Jongsteenzäit gelieft hunn.

Et ass nieft Spiennes am Hainaut a Spy an der Provënz Namouer eng vun den dräi Plazen an der Belsch, wou schonn fréi Silex a grousse Quantitéite fonnt gouf.

Schonn an der Antiquitéit goufe Galerie gegruewe fir Kallektuff ze gewannen. Dee Stee gouf bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert geholl fir Haiser ze bauen. Déi lescht Tuffexploitatiounen ënner Dag ginn awer nach just weidergefouert fir Material ze hunn, fir al Haiser ze restauréieren.

Dofir gëtt awer iwwer Dag fläisseg am grousse Stil zanter den 1920er Jore geraumt. Dat Gestengs gëtt an der Zementsfabrikatioun gebraucht.

An Holland gëtt déi Produktioun vun der Eerste Nederlandse Cement Industrie (ENCI) gemaach, an an der Belsch vun CBR, Obourg an Imérys.

Uertschaften déi Deeler vun hirem Gebitt an der Montagne St. Pierre leien hunn[änneren | Quelltext änneren]

An der Belsch (Wallounien)[änneren | Quelltext änneren]

An der Belsch (Flandern)[änneren | Quelltext änneren]

An Holland[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Caves of St. Pieter – Biller, Videoen oder Audiodateien