Autelbas

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Nidderelter)
Autelbas
lb: Nidderelter
Aussprooch
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Gemeng Arel
Koordinaten 49° 38’ 54’’ N
      05° 52’ 06’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6706
Haff vu 1790

Autelbas, op Lëtzebuergesch Nidderelter, ass eng belsch Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Arel, an der Provënz Lëtzebuerg.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977, war Nidderelter eng eegestänneg Gemeng.

Autelbas läit op enger Héicht vun 330 Meter, am Dall vum Ruisseau d'Autelbas, engem Niewefloss vun der Äisch, deen op Lëtzebuergesch Kolerbaach heescht.

Zu Autelbas gëtt et e Schlass aus dem 15. Joerhonnert, dat 1983 duerch e Feier zum groussen Deel zerstéiert gouf. Zanterhier gëtt dat Schlass méi oder wéineger rafistolléiert. Dat Schlass war de Sëtz vun de Baronge vun Elter, an um Enn vum 17. Joerhonnert war Elter souguer eng kleng Grofschaft ginn.[1]

Uertschaften an der fréierer Gemeng sinn: Autelbas, Autelhaut, Barnich, Birel, Clairefontaine, Stehnen, Sterpenich a Weyler.

Zanter der Gemengereform gëtt d'Uertschaft administrativ zesumme mam Nopeschduerf Barnich als Duebeluertschaft Autelbas-Barnich gefouert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Autelbas – Biller, Videoen oder Audiodateien
Uertschaften an der Gemeng Arel

Sektiounen: ArelNidderelterBunnertGiischHäischelTernech
Aner Uertschaften a Plazen: Alenuewen · Barnech · Birel · Badebuerg · Affen · Fruessem · Frellen · Heckbus · Rosenberg · Schappech · Siesselech · Séimerech · Stienen · Sterpenech · Stackem · Sues · Éiden · Uewerelter · Walzeng · Weller

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nobilaire des Pays-Bas: 1685. ELTER, Seigneurerie au Pays de Luxembourg, fur érigé en Comté par Lettres du Roi Charles II. du 20 décembre 1685 en Faveur de Jean-Fréderic Huart d'Autel, Baron d'Elter, Gouverneur de Luxembourg