Norman Ernest Borlaug

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Norman Ernest Borlaug (2004)

Den Norman Ernest Borlaug, gebuer de 25. Mäerz 1914 zu Cresco, Iowa, a gestuerwen den 12. September 2009 zu Dallas, Texas, war en US-amerikaneschen Agrarwëssenschaftler.

Hien huet un der Ziichtung vun ë. a. Weess, Räis a Mais geschafft, déi et erméiglecht hunn, d'Récolte spektakulär z'erhéijen. Hie gëllt dann och als wesentlechen Initiator vun der sougenannter Grénger Revolutioun an den Entwécklungslänner, déi Millioune Mënsche virum Erhéngere gerett huet.

Hien huet fir säin Asaz a seng Aarbechten fir den Erdrag vun der Landwirtschaft ze verbesseren, 1970 de Friddensnobelpräis kritt, an 2007 fir säi Liewenswierk d'Gëllen Éieremedail vum Kongress, déi héchst Distinctioun vun den USA.

Commons: Norman Borlaug – Biller, Videoen oder Audiodateien