Onsala Space Observatory

Vu Wikipedia
De Weltraumobservatoire vun Onsala

De Weltraumobservatoire Onsala (schweedesch Onsala rymdobservatorium) ass déi staatlech schweedesch Ariichtung fir Radioastronomie, 45 km südlech vu Göteborg zu Onsala. Den Observatoire ass Deel vum Institut fir Weltraum- a Geowëssenschafte vun der Technescher Héichschoul Chalmers.

Den Observatoire bedreift zwéi Radioteleskope, eent mat 20 Meter Reflekterduerchmiesser (gebaut vun 1975 bis 1976), et schafft am Zentimeter- a Millimeterberäich bis zu minimal dräi Millimeter Wellelängt an eent mat 25 Meter Reflekterduerchmiesser (gebaut 1963). Dëst schafft am Zentimeterberäich a gëtt och fir Very Long Baseline Interferometry gebraucht. Den Observatoire huet fréier e Millimeterteleskop (SEST) um La-Silla-Observatoire bedriwwen an ass um Atacama Pathfinder Experiment (APEX) bedeelegt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]