Opus 78

Vu Wikipedia

D'Big Band Opus 78 ass eng lëtzebuergesch Big Band déi 1978 aus dem UGDA Jugendorchester erausgaangen ass. Et waren de Claude Sinner an de Lauren 'Loll' Drees déi d'Iddi haten, eng Orchesterformatioun weiderzeféieren. Iwwer déi lescht Joren huet sech de Museksstil vum traditionelle Big-Band Jazz an eng Mëschung vu moderner Big-Band, Fusion a Pop entwéckelt. Zanter 2002 steht den Ensembel ënner der musekalescher Leedung vum Serge Bausch.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

1978 - 2003[änneren | Quelltext änneren]

Deen éischte Concert vun Opus 78 war de 6. Juli 1978 am Hall 75 zu Nidderkäerjeng. De 4. Juni 1988 ass dunn zu Hesper den 10te Gebuertsdaag vun der Band gefeiert ginn. De grousse Galaconcert vun deem Owend ass live vum Radio iwwerdroe ginn. 1993 ass am Kader vum 15te Gebuertsdaag vun der Big Band, den éischten Disk Jalousie erauskomm, dee vum Claude Sinner produzéiert gouf.

Den zweeten Disk Setting the StandARTS, huet net méi wéi zwee Joer op sech waarde gelooss. Entstanen ass dësen Disk ënner der Direktioun vum Serge Hentzig, deen de Loll Drees um Bengelchen ofgeléist huet, a mat dem Matwierke vun der Sängerin Joan Orleans. Dem Gasty Meyer seng Kompositiounen an Arrangementer hu ganz vill zum Succès vun dëser Produktioun bäigedroen. An dësem Kontext gouf de 6. Oktober 1996 e Concert mam Joan Orleans am Atelier an der Stad gespillt.

Fir den 20te Gebuertsdaag vum Ensembel ass de 26. Abrëll 1998 zu Sandweiler am Centre Culturel ee grousse Concert zesumme mam Peter Herbolzheimer a mam Silvia Droste gespillt ginn. Dësem Concert ass en opene Workshop mam Silvia a mam Peter viraus gaangen.

Museker[änneren | Quelltext änneren]

Hei eng net exhaustif Lëscht vun de Museker, déi zanter 1978 durch d'Regëstere vun der Big Band Opus 78 gaange sinn. D'Museker vun der aktueller Formatioun (01/12/2008) si mat engem (*) markéiert:

Ascani David (sax*); Bausch Serge (BL*, trp*); Burgund Gilles (trp*); Christophe Raoul (trp*); Dühr Joël (sax*); Fellerich Jérôme (sax*); Gindt Laurent (trb*); Glod Georges (sax*); Jemming Jean-Claude (gtr*); Koch Cooky Alain (sax*); Kohl Alex (trp*); Martinez Pedro (trp*); Meisch Fränz (voc*) ; Melchert Karin (voc*) ; Pagliarini Olivio (trb*); Peters Philippe (dr*); Rod Nico (trb*); Schaltz Mike (trb*); Schaus Claude (p*); Wecker Lex (b*)

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

1993 ass fir de 15. Gebuertsdag vum Orchester den éischten CD Jalousie erauskomm. Op deem CD si Klassiker vu Swing bis Jazz, wéi z. B. I'm getting sentimental over you, Summertime, Fly me to the moon an In the Mood.
Den zweeten CD, Setting the StandARTS, ass am Joer 1995 erauskomm, zesumme mat der Sängerin Joan Orleans. Ënnerstëtzt gouf d'Big Band duerch de lëtzebuergesche Komponist Gasty Meyer.
Uffank 2003 koum den drëtten Album Let it Swing eraus. Et ass eng Retrospektiv op 10 Joer Opus 78 mat Stécker, déi am Studio opgeholl goufen, awer och mat Live-Arrangementer. Op dësem CD sinn och Zesummenaarbechte mat dem Gasty Meyer, der Silvia Droste, der Joan Orleans, dem Peter Herbolzheimer, dem Jean-Lou Vanoli, an dem Ernie Hammes ze héieren.
D'Produktioun vu Let me entertain you baséiert um Live-Concert « Let it swing », deen d'Big Band den 22. November 2003 am Centre Sportif zu Déifferdeng ginn hat. Ausléiser heifir war de Concert vum Robbie Williams an der Royal Albert Hall zu London, dee mat sengem Swing-Album d'Big-Band-Musek nees waakreg gemaach hat. Arrangéiert gouf dat ganzt vum Paul Dahm a vum Georges Letellier. Ënner der musekalescher Leedung vum Serge Bausch krut Opus 87 Ënnerstëtzung vum Fränz Meisch (Gesang), engem sinfoneschen Ensembel a verschiddene Solisten. Dobäi waren ë. a. den Ensembel L'estro Armonico, d'Karin Melchert an den Ernie Hammes.
Op Let's talk about Music ginn d'grouss musekalesch Momenter aus de 70er, 80er an 90er mat engem kompletten Orchester a ville lëtzebuergesche Soliste gespillt. D'Arrangementer goufe speziell fir dësen Evenement geschriwwen an de Videomaterial gouf als DVD erausbruecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]