Pierre May

Vu Wikipedia
Pierre May
Gebuer 20. Mäerz 1913
Gestuerwen 11. Januar 1996
Nationalitéit Lëtzebuerg, Belsch

De Pierre May, gebuer den 20. Mäerz 1913 zu Bouneweg a gestuerwen den 11. Januar 1996 um Belair, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen (SCJ) a Gerechten ënner den Natiounen.[1]

De Pierre May ass 1932 an den Uerde vun den Häerz-Jesu Patere getrueden. Vun 1934 bis 1940 huet hie Philosophie an Theologie zu Egenhoven an zu Louvain studéiert. Den 9. Juli 1939 gouf hien an der Kapell zu Clairefontaine vum Bëschof Joseph Philippe zum Priister geweit.[1]

Vun 1940 bis 1948 war de Pierre May mat verschiddenen Aufgabe bei den Häerz-Jesu-Pateren an der Belsch chargéiert. Do huet hien am Zweete Weltkrich jiddesch Familljen, déi op der Flucht virun den Nazie waren, am Klouschter vun den Häerz-Jesu-Pateren zu Louvain verstoppt. Duerch den Temoignage vun engem vun deenen déi hien do verstoppt hat gouf hien als éischte Lëtzebuerger den 31. Mee 1966 als 'Gerechten ënner de Vëlker' ausgezeechent.[1] Well hien awer am Zweete Weltkrich an der Belsch gelieft huet gëtt hie bei Yad Vashem als Belsch gefouert.[2]

Vun 1948 bis 1949 war hie fir säin Uerden Gestionnaire vum Klouschter op der Pafemillen.[1]

A vun 1949 bis 1962 huet hien nees verschidden Aufgabe fir säin Uerden an der Belsch iwwerholl.[1]

Vun 1962 bis 1970 huet hie fir säin Uerden zu Lëtzebuerg geschafft. Parallel huet de Bëschof Léon Lommel him vun 1965 bis 1995 Aufgaben an der Comptabilitéit vum Bistum iwwerdroen.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Bodo Bost: "Herz-Jesu-Priester Pierre May - 'Ein Gerechter unter den Völkern'." an: Die Warte Perspectives 10. November 2016 Nummer 30 | 2523, S. 2-3
  2. De Pierre May op db.yadvashem.org