Pierre Rausch

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Grond: All dat zesummen
Pierre Rausch
Gebuer 24. Januar 1982
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Auteur

De Pierre Rausch, gebuer de 24. Januar 1982 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Lidderschreiwer, Interpret, Auteur a Radiosanimateur. Aktuell ass hien de Chef vu Summernightbrand.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Lycée classique de Diekirch war hien ee Joer op der Université Pasteur zu Stroossbuerg. Wärend där Zäit huet hie seng éischt Stécker geschriwwen.

De Pierre Rausch ass zanter 2018 Radio Animateur beim Radio Belle Vallée (RBV). Hien huet 4 Bicher erausginn: Goldcurl (Biographie), Poems (Liddtexter), Gott und Geld (ekonomesch Theorie), A Journey to the sky (Paranoid Android Syndrom, Bedeitung vu Muse fir Summernightbrand).

Hien huet iwwer 500 Lidder geschriwwen, säi Museksprojet heescht mëttlerweil Summernightbrand. Et bestinn Zesummenaarbechte mam Serge Tondt, awer och mam Grund Club Songwriters. Aflëss sinn Inborn, Radiohead, Ben Harper, Patrice oder Raftside. Seng Musek ass dem Singer/Songwriter zouzeuerdnen, awer och dem Lo-Fi an Alternative Rock, well hie vill mat Dictaphon ophëlt. Ënnert sengen Albe fënnt een: Action and Recation, US, oder Washing Dirty Laundry. The Wonders of the Skyline gouf zesumme mat EATRAXX erausbruecht.

Hien ass och Member bei der Société Chorale grand-ducale Dommeldeng.

Optrëtter a verschiddene Castingshowen[änneren | Quelltext änneren]

DSDS[änneren | Quelltext änneren]

Mam Opkomme vu Castingshowe woren et de staarke Wëlle fir hei matzemaachen, a säi Land, sou gutt ewéi méiglech ze représenteieren. Sou goufen déi eege Stécker virgestallt, awer och Gréissten ewéi Ben Harper gecovert. Am Kader vun dëse Castinge koum de Kontakt mat der Strooss, d'Musizéieren a Stied, an et gouf relativ vill a Jugendherberge geschriwwen. Sou entstong hei "The Peace of Paradise". An Untersuchungshaft goufe weider Lidder geschriwwen, fir der Hoffnungslosegkeet ze entwutschen; mat "Goldcurl", en häerzegt zwee Akkorde Lidd, wat besonnech zu Köln gutt ukomm ass. Am Kader vun DSDS gouf eng Myspace-Säit op d'Been gestallt, déi et ëmmerhin op 28.000 Ecoutë bruecht huet.

USFB[änneren | Quelltext änneren]

Mat enger weiderer Participatioun um ProSieben Casting, dës Kéier bei Unser Song für Baku, dem däitsche Virentscheed fir den Eurovision Song Contest 2012, wor et e Stéck wéi Viva, dat fir Opreegung gesuergt huet, obwuel et net besonnesch gutt opgefouert gouf.

Summernightbrand[änneren | Quelltext änneren]

Summernightbrand Record Sales Office (SRSO) gëtt et vum 7. Januar 2013 un. Et ass de Museksprojet vum Pierre Rausch. D'Myspace Säit vu Summernightbrand huet awer schon 2007 opgemeet. Géint 2018 gëtt SRSO a Summernightbrand ëmbenannt, fir eng symplistesch Notatioun ze vermëttelen. De Projet soll Musek schreiwen, dei der Summernuecht gerecht gëtt. Et gëtt haaptsächlech op akustescher Gittar gespillt, a mat Dictaphone opgeholl. Summernightbrand ass en Deel vun der Museksgruppéierung "Lëtzebuerger Spillschoul".

Summernightbrand huet méi wéi 500 Lidder geschriwwen. Et gëtt haaptsächlech am Internet publizéiert, awer och op Open Mics an a Bare gespillt. Och Stroossemusek steet um Programm. Et bestinn Zesummenaarbechte mam Serge Tondt, wat ënner "Summernightbrand Extended" leeft. Mam Grund Club Songwriters besteet Kontakt, wou Summernightbrand un den Open Mics matmécht. Aflëss sinn Inborn, Radiohead, Ben Harper, Patrice, Raftside, awer och Grund Club Songwriters, Seed to Tree, Cosmokramer, Yegussa, Nerveuze, Nogo Stunts, Ice in my Eyes an Carlo Nogo. Summernightbrand ass dem Singer/Songwriter zouzeuerdnen, awer och dem Lo-Fi an Alternative Rock. Aktuell Albume sinn Action and Recation, US, a Washing Dirty Laundry. Et besteet och eng Zesummenaarbecht mat EATRAXX, wou ee Lidd entstanen ass (The Wonders of the Skyline). Interessant Lidder sinn: Answer in the Sea, California Girl, In her Arms Tonight, Clown in the Mood, Goldcurl, A Journey to the Sky, Nightingale Star, The Face, Hearts, Brianna, awer och The Peace of Paradise, wat op d'Melodie vu "Jeux interdits" opgebaut ass. Bei Youtube sinn et iwwer 20.000[Source?] Vuen, wat d'Lidder betrëfft. Labelen: Tunecore, Sentric Music, Bentley Records, JTV Digital.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]